Concerten zu Wooltz1. Editioun vum "Jazzorwhatever!?"

RTL Lëtzebuerg
De 5. a 6. Abrëll ass déi éischten Editioun vun der neier Concertsrei.

De soziokulturellen Zentrum “Prabbeli” zu Wooltz lancéiert dëse Weekend en neie Festival. E Festival, wou een op d’Rees duerch d’Welt vum Jazz ka goen. Den “Jazzorwhatever?!” wëll Diversitéit a Jazzvariatiounen an de Fokus stellen an dat mat engem ganz internationale Line-up. Vun klassesche Melodien, zäitgenësseschen Beats an elektroneschen Téin. All d’Concerte sinn am Brandbau zu Wooltz.

5. Abrëll: Anneleen Boehme solo (20.00 Auer)

D’Kontrabassistin Anneleen Boehme ass net méi aus der belscher Jazz-Zeen ewechzedenken. Bekannt ginn ass si duerch de belsche Jazztrio LABtrio, an deem si als Bassistin spillt.

© Sven Dullaert

5. Abrëll: Wajdi Riahi Trio (21.15 Auer)

Den Trio ronderëm de Pianist Wajdi Riahi ass eng Kombinatioun aus zwou Welten: Tuneesescht Iewe gëtt hei mat der Passioun fir de Jazz verbonnen.

5. Abrëll: Esinam (22.30 Auer)

D’Esinam ass eng belsch-ghanesch Multi-Instrumentalistin. Di mécht vill musikalesch Connectiounen tëschent de Kulturen an de Genren a beweegt sech esou tëschent dem Akusteschem an dem Elektroneschem.

6. Abrëll: Radiohop (19.45 Auer)

Bei der hollännescher Band Radiohop vermësche sech Fusion/Hip Hop mam Jazz. D’Band probéiert, nei Sounds ze exploréieren a sech dobäi vun de Legenden aus der Musekswelt ze inspiréieren.

6. Abrëll: Aka Moon (21.00 Auer)

Aka Moon ass eng belsch Fusionband, di 1992 gegrënnt ginn ass. Den Trio bréngt Jazz, Rock a Weltmusek zesummen.

6. Abrëll: LINQ (22.15 Auer)

Di lëtzebuergesch Band LINQ schafft genreiwwergräifend. De Quintett mam Mateus Wojda, John Wolter, Pit Dahm, Pierre Cocq-Amann an dem Gilles Grethen, definéiert sech duerch moderne Fusionjazz.

6. Abrëll: Kuna Maze (23.30 Auer)

De Kuna Maze alias Edouard Gilbert ass zu Bréissel baséiert a fokusséiert sech op elektronesch Bassmusek. Den a Frankräich gebuere Produzent, DJ a Multi-Instrumentalist huet seng Inspiratioun aus der Beat-Zeen vu Los Angeles fonnt, ier e säi Spektrum dann nach weider entwéckelt huet. Den Jazz ass awer säin zentrale Punkt an der Musek.

Back to Top
CIM LOGO