1.500 Tickete waren an der Vente an trotz deels schlechtem Wieder am fréien Owend waren d‘Spectateuren um Rendez-vous, fir déi belsch Sängerin Selah Sue live ze gesinn.
Ma natierlech net nëmmen d ‘Organisateure si frou, fir erëm um Terrain ze sinn. D ‘Sängerin Selah Sue ass méi wei begeeschtert endlech erëm op enger Bün ze stoen an d ‘Energie vun engem Live-Publikum ze spieren.
Den Atelier organiséiert de ganze Summer iwwer nach sëllege Concerten a d’Frënn vu gudder Musek kënne sech, wann d ‘Konditiounen et erlaben, op ee besonnescht Joer 2022 freeën. Et soll dat chargéierste Joer ginn, datt den Atelier bis elo kannt huet.
De ganzen Interview mam Selah Sue a mam Michel Welter vum Atelier kënnt der nächsten Donneschden am Kultur-Summer-Tour gesinn.