Bekannt fir Spray-Kleed a Roboter um CatwalkFranséisch Moudemark Coperni stellt hir Aktivitéiten an

Kyra Feiereisen
Coperni war bekannt fir hir viral Defiléen op der Paräisser Fashion Week. No engem laange juristeschen a finanzielle Sträit mat dem Haaptaktionär hunn d'Grënner e Mëttwoch den Enn vun der Mark matgedeelt.
© JULIEN DE ROSA/AFP

No méintelaangem Konflikt hunn d'Grënner e Mëttwoch an enger perséinlecher Noricht erkläert, datt et hinnen net gelongen ass, op een Nenner ze kommen an datt si d'Aktivitéite vu Coperni astellen.

Déi franséich Moudemark huet an de leschte Jore gewisen, wéi sech Moud, Technologie a sozial Medie matenee kombinéiere loossen. Si gouf 2013 vum Sébastien Meyer an Arnaud Vaillant gegrënnt a konnt sech mat viralen Designs en Numm an der Industrie maachen.

Besonnesch am Joer 2022 hate si fir international Schlagzeile gesuergt. Wärend der Paräisser Fashion Week krut d'Model Bella Hadid live op der Bün e wäisst Kleed direkt op de plakege Kierper gesprayt. Déi ufanks flësseg Substanz huet sech a kuerzer Zäit an e Stoff verwandelt. D'Biller sinn duerch déi ganz Welt gaangen an hunn der Mark enorm vill Opmierksamkeet bruecht.

E Joer drop sinn d'Mannequinen du mat Roboterhënn vun der Firma Boston Dynamics iwwert de Catwalk gelaf. Och mat hiren Accessoiren huet d'Mark experimentéiert. Esou hu si zum Beispill Poschen aus Glas, Aerogel oder Meteoritegesteng rausbruecht.

Trotz dëser internationaler Visibilitéit ass Coperni ëmmer méi ënner finanziellen Drock geroden. Am Mëttelpunkt vun de Problemer stoung d'Relatioun mat Tomorrow, dem Distributeur a Majoritéitsaktionär vun der Mark. Dee war fir e groussen Deel vum Verkaf zoustänneg an huet d'Recettë geréiert.

Tomorrow hätt awer méintelaang keng ausstoend Zomme méi bezuelt. Doduerch hätt Coperni net méi genuch finanziell Mëttel gehat, fir seng Aktivitéiten normal weiderzeféieren. D'Situatioun ass nëmmen nach méi komplizéiert ginn, wéi Tomorrow am Mäerz 2026 vum italieenesche Progetto 11-Grupp (Dolce & Gabanna, Ferrari, Off-White, asw.) iwwerholl gouf.

Am Juni 2026 huet Coperni beim Paräisser Handelsgeriicht Schutz am Kader vun enger juristescher Reorganisatioun kritt. Domat sollten d'Scholden temporär gereegelt, d'Aarbechtsplaze geschützt an d'Geschäftsaktivitéite méiglechst weidergefouert ginn.

D'Situatioun war besonnesch schwiereg ze léisen, well d'Mark iwwer verschidde Gesellschaften organiséiert war. Déi franséisch Coperni SAS war fir den alldeegleche Betrib an d'Mataarbechter zoustänneg, wärend d'Kontroll iwwer d'Markerechter mat enger brittescher Gesellschaft verbonne war.

D'Grënner hu souguer selwer probéiert erëm Kontroll iwwert hir Mark ze kréien, mee et konnt keen Accord fonnt ginn.

D'Enn vu Coperni weist eng méi grouss Problematik an der Moudebranche: Eng Mark ka weltwäit viral goen an trotzdeem finanziell a Schwieregkeete geroden. Millioune Views, spektakulär Defiléen an international Bekanntheet garantéieren net automatesch e wirtschaftlech stabille Betrib.

© JULIEN DE ROSA/AFP

Back to Top
CIM LOGO