
Am ganze goufe 27 Projeten analyséiert, vun deenen der elo 16 zeréckbehale goufen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung wäerte kréien.
9 mol ass et eng sougenannte selektiv Hëllef beim Schreiwe vun Dréibicher oder dem Developpement. Do ass et e Gesamt-Montant vun 590.000€, deen de Filmfong bäisteiert.
Bei der Hëllef fir d’Produktioun sinn et 7 Projeten, déi vun engem staatleche Zouschoss profitéieren, dat an enger Gesamt-Héicht vu knapp 9 Milliounen €.
Eleng zwee Long-métragë (Animatioun) vun zwee Lëtzebuerger Realisateure kréie jeeweils 3 Milliounen Euro. Et sinn dat “The Lion Queen” vum Carlo Vogele an “The Last Dinosaur” vum Federico Milella.