Tëscht 13.000 a 15.000 Museksfrënn waren um Dill19. Editioun vum Blues Express am Fond-de-Gras an zu Zowaasch
E Samschdeg den Owend war zu Déifferdeng nawell eng Méi lass. Zegdausende Leit sinn der Invitatioun, fir op de Blues Express ze kommen, nokomm.
Riets geet vun tëscht 13.000 a 15.000 Mënschen.
39 Gruppen a Sänger respektiv Sängerinne sinn opgetrueden. Et waren 22 Lëtzebuerger a 17 international Kënschtler, déi d'Leit zum Kache bruet hunn. Ronderëm 11 Büne gouf gedanzt a matgesongen. D'Concerte waren all gratis.
D'nächst Joer ass et dann den 20. Anniversaire vum "Blues Express" an der Gemeng Déifferdeng.
Blues Express am Fond-de-Gras an zu Zowaasch (8.7.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.