Um Set vun der Serie "Marginal"2025 kënnt eng Lëtzebuerger "True Crime"-Serie eraus

Isabelle Henschen
"True Crime" steet fir reell Kiminalfäll, déi an dësem Fall als Serie verfilmt ginn.
2025 kënnt eng "True Crime"-Serie vu Lëtzebuerg eraus
“True Crime” steet fir reell Kiminalfäll, déi an dësem Fall als Serie verfilmt ginn.

Déi 4 Episode vu jee 50 Minutte si baséiert op 4 Mordfäll déi tëscht 1902 an 1910 am Grand-Duché passéiert sinn. D’Fäll si vum Scénarist Fréderic Zeimet an den Archive recherchéiert ginn.

Mir kréie wierklech en Abléck an d’Police an d’Gendarmerie an d’Ufäng vun der Brigade criminelle zu Lëtzebuerg. Bëssen och hannert d’Kulisse vum Geriicht. All Episod wäert sech och deels um Geriicht ofspillen. A virun allem wäerte mer eng ganz Palett vu Personnagë kenneléieren, déi wierklech faszinéierend sinn.”, seet de Realisateur vun der Serie, de Loïc Tanson.

Den Tournage ass Ufank Mäerz ugaangen. Mir waren en Dag laang beim Dréi um Meesebuerger Schlass dobäi. Do si wärend 9 Deeg all d’Zeenen, déi am Büro vum Haaptpersonnage Albert Henrotin sinn, ofgedréint ginn. Gefilmt ginn ass awer net just bannen um Schlass, mee och baussen an der Stad Lëtzebuerg oder Diddenuewen. Zu Lëtzebuerg wier et allerdéngs schwiereg, nach Dierfer a Stroossen ze fannen, déi sou ausgesi wéi deemools an dofir géif een och op Spezialeffekter am Montage zeréckgräifen.

D’Serie gëtt Schwaarz-Wäiss gefilmt, seet de Loïc Tanson. “Dat huet zwee Grënn, den éischten ass deen, dass ech mech ganz staark inspiréiert hu vum Genre vum Film Noir. Dat heescht e Genre, deen een och als Genre vum Film policier ka benennen. Dee ganz vill op Kontraster spillt, dee ganz vill op Schieter an op Luucht spillt. An ech fanne mat enger Serie, déi “Marginal” heescht a wou et ëm d’Leit geet, déi deels am Schiet liewen, hunn ech dat ganz interessant fonnt.

Déi gréissten Erausfuerderunge wären, fir historesch esou korrekt wéi méiglech ze bleiwen. Vu Kostümer iwwert Dekoren, Coiffuren a Make-up, mee och d’Sprooch.

Viraussiichtlech Ufank 2025 wäert d’Serie op RTL Télé Lëtzebuerg lafen an et denkt ee schonn u weider Episoden no, ass vun der Produktiounsfirma Samsa ze héieren.

Back to Top
CIM LOGO