Konschtinstallatiounen am Kader vun der LUGA
Am Park Dräi Eechelen an am Aquatunnel kann een zanter der leschter Woch Installatioune vun zwou Kënschtlerinnen entdecken, déi fir hir Wierker dacks mam ëffentleche Raum schaffen.
Am Park Dräi Eechele steet eng Skulptur vun der amerikanescher Kënschtlerin Agnes Denes. D’Kënschtlerin, déi als Pionéierin vun der Eko-, an Ëmweltkonscht bekannt ass, huet elo hir 9 Meter héich pyramidenaarteg Skulptur “The Living Pyramid” ausgestallt. D’Skulptur ass mat engem natierleche Liewenszyklus konzipéiert, op där méi wéi 2 Millioune Blumme wuessen.
"Et ass net nëmmen eng Skulptur, et ass och ee Bildungsprojet”, sou d’Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam. Déi schottesch Kënschtlerin Susan Philipsz ass bekannt fir hir immersiv Klanginstallatiounen. Fir hiert Wierk "The Lower World" huet si mat der Akustik vum Aquatunnel geschafft. Den 900 Meter laangen Tunnel verleeft 60 Meter ënnert dem Buedem vun der Uewerstad a verbënnt d’Péitrussdall mam Pafendall.
"Eppes, wat mech ëmmer interesséiert huet, ass wéi Klang eng Architektur beaflosse kann. Oft sinn et Gebaier, un deenen een all Dag laanschtgeet an déi een dann op emol an engem neie Liicht gesäit. Virun allem de psychologeschen Effekt dee Kläng a Musek kënnen hunn a wéi een sech doduerch selwer nei wouer hëlt ass faszinant”, sou d’Kënschtlerin Susan Philipsz.
D’Kënschtlerin schafft fir hier Klanginstallatiounen oft mam ëffentleche Raum. Den Aquatunnel representéiert eng abstrakt Aarbecht mat 24 verschiddene sireenenaartege Melodien, déi de Visiteur sollen duerch den Tunnel leeden. Virun allem d’Lidd "Flow my tears" vum John Dowland huet d’Susan Philipsz immens inspiréiert fir hier Installatioun am Aquatunnel.
Déi zwou Installatioune stinn nach bis den 18. Oktober. Tickete fir den Aquatunnel fannt Dir hei.