Déi lescht olympesch Medaile fir de Grand-Duché huet de Marc Girardelli 1992 op de Wanterspiller zu Albertsville (Frankräich) gewonnen. Zwou Sëlwermedailen, eng am Super G an eng am Riseslalom, konnt hie mat heem huelen. Allerdéngs sinn dës Souveniren u seng sportlech Karriär den Ament net bei him doheem, mee bei senger Mamm. An engem RTL-Interview verréit hien, dass en houfreg ass, ee vu villen op dësem Konschtwierk ze sinn: “Ich bin natürlich sehr stolz, dass ich auch auf dieser Plakatwand anwesend bin. Ich werd mir die Mühe ersparen, mich zu suchen, da geh ich lieber Paris anschauen oder die Wettkämpfe.”
120 Meter laang wäert d’Konschtwierk vum franséischen Artist Baptiste Chebassier ginn. Hie schreift mat der Hand a chronologescher Reiefolleg, d’Nimm vun den 30.249 Medailegewënner vun Olympesche Spiller op Pabeier. Virun dräi Joer ass him d’Iddi komm, nodeems hien en Artikel an der Zäitschrëft LeMonde gelies huet an déi immens Zuel u Medailegewënner gewuer ginn ass. Zënterhier huet hien all Dag 1 bis 2 Stonnen dru geschafft an 3 Méint virun der Ouverture vun den Olympesche Spiller de 26. Juli 2024, souguer seng Aarbecht gekënnegt, fir dëst Konschtwierk fäerdeg ze stellen.
“C’est ma façon de participer à Paris 2024, qui va être a 500 mètres de chez moi”, seet de Baptiste Chebassier. Ënnert den Nimm wäerten och all déi aner Lëtzebuerger Medailegewënner ze fanne sinn:
De Baptist Chebassier schreift op seng Leinwand d’Nimm vun de Medailegewënner vun Olympesche Spiller an aktuell net déi vun de Paralympesche Spiller. De vollstännegen Zougrëff op déi vollstänneg Datebank mat all de Nimm vu Paralympeschen Athleten hätt hien net kéinte kréien.
Wie fir de Grand-Duché op Paralympesche Spiller gestart an eng Medail gewonnen huet, ass gewosst an op der Homepage vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité dokumentéiert.
Eng Medail mat Heem bruecht hu follgend Athleten: