
Doudesursaach ass deemno en “Häerzstëllstand duerch en Drogecocktail”, esou säi Brudder US-Medie géigeniwwer.
De Michael C. Stathis, wéi de Buddy Duress mat richtegem Numm geheescht huet, ass engem gréissere Publikum duerch seng Roll am Film “Good Time” vun de Bridder Benny an Josh Safdie bekannt ginn, an deem de Robert Pattinson d’Haaptroll spillt.
Den Acteur huet awer net nëmmen duerch seng Filmrollen op sech opmierksam gemaach, ma och wéinst enger ganzer Rei kriminellen Aktivitéiten. Op d’mannst 10 Mol schonn ass hien am New Yorker Prisong Rikers Island gelant, ënnert anerem wéinst Drogebesëtz an Identitéitsdéifstall.