Serge Ecker3D-Expo "Zero Panorama" am CAPE zu Ettelbréck

Sandy Elsen
De Serge Ecker schafft zanter 2005 am Beräich 3D-Grafik a Computeranimatioun an ass och als Kënschtler aktiv.
3D-Expo "Zero Panorama" am CAPE zu Ettelbréck
De Serge Ecker schafft zanter 2005 am Beräich 3D-Grafik a Computeranimatioun an ass och als Kënschtler aktiv.

A sengen digitalen an analoge Fotografien, 3D-Biller an Installatioune beschäftegt hie sech mam Spannungsfeld tëscht dem Mënsch a senger Ëmwelt. Zero Panorama heescht seng Ausstellung, déi dem Ament am CAPE zu Ettelbréck ze gesinn ass.

De Serge Ecker navigéiert a senger Konscht tëschent neien Technologien an traditionellem Handwierk. Mat sengen Installatiounen a Fotoe, déi d’Expo Zero Panorama weist, stellt hie verloossen, deels zerstéierte Plazen uechter d’Welt duer.

Als Haaptinspiratioun fir seng Wierker déngt dem Kënschtler den Anthropozän, also den Zäitalter vum Mënsch.

Eng denaturéiert Landschaft huet och d’Nuklearkatastroph vu Fukushima hannerlooss. D'3D-Installatioun „Fukuyu 2“ bréngt een a Kontakt mat de Ruine vu Fukushima. Aus Koffer a mat Blatgold huet de Kënschtler eng Reakterkëscht a klengem Moossstaf reproduzéiert, déi Hetzt ofstraalt a sou direkt op de Betruechter wierkt.

Dem Serge Ecker seng kënschtleresch Approche baséiert net just op reellen an digitale Reesen. Faszinéiert vu Satellitte-Biller, kreéiert hir mat genau dëse Fotografië vu skurrile Landschaften, vun de Waassertanken zu Fukushima bis hin zum Eniwetok-Atoll.

Bis den 22. Mäerz kann een dem Serge Ecker seng Wierker am CAPE zu Ettelbréck entdecken.

Back to Top
CIM LOGO