Regisseur Sam Mendes4 Filmer iwwer déi eenzel Membere vun de Beatles geplangt

RTL Lëtzebuerg
De Regisseur an Oscar-Laureat Sam Mendes wëll all eenzelem vun de véier Beatles-Museker en eegene Film widmen.
© CENTRAL PRESS / AFP

Dat mellt d’US-Zeitung “Deadline”. D’Filmer iwwer den John Lennon, Paul McCartney, George Harrison a Ringo Starr solle schonn 2027 an de Kinoen ulafen. Déi véier verschidde Filmer solle jeeweils aus der Perspektiv vun engem vun de Membere vun der legendärer Band erzielt ginn, a bis bei d’Trennung vun de “Fab Four” 1970 spillen.

Wéi “Deadline” weider schreift, soll de Sam Mendes och schonn de Seege vun den nach-liewende Membere McCartey a Starr kritt hunn, grad ewéi dee vun den Ierwe vum Lennon an Harrison.

“Ech fille mech geéiert, d’Geschicht vun der gréisster Rockband vun allen Zäiten z’erzielen, a freeë mech dorop, d’Iddi dovun, wat e Kinobesuch ausmécht, a Fro ze stellen”, huet de Mendes an engem Schreiwes erkläert, dat dem “Hollywood Reporter” virläit.

Wéi eng Schauspiller déi véier Beatles spille wäerten, steet aktuell nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO