
Déi international “Tanzmesse NRW”, organiséiert vum “nrw landesbuero tanz”, gëllt als weltwäit gréisste professionellen Treffpunkt fir zäitgenësseschen Danz. Ëm déi 1.500 international Dänzer, Choreographen a Visiteure vum Fach kommen all zwee Joer zu Düsseldorf zesummen, fir Informatiounen auszetauschen a Kontakter ze knäppen, ma natierlech och fir aktuell Trends an Aarbechten ze weisen an ze entdecken.
Dëst Joer feiert d‘Danzfoire hire mëttlerweil schonn 30. Jubiläum.
Mam William Cardoso, Jennifer Gohier, Saeed Hani, Rhiannon Morgan an Giovanni Zazzera sinn net manner ewéi 5 Lëtzebuerger Choreograph*inne mat dobäi a presentéiere mat “Kultur | lx – Arts Council Luxembourg” a mam “TROIS C-L | Maison pour la danse” d‘Villfalt vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Danzzeen.
Donieft weisen d‘Choreographen a Performer Sarah Baltzinger an Isaiah Wilson de 29. August am Open Studio 4 hir Zesummenaarbecht “MEGASTRUCTURE”. “Dësen Duo ass wéi ee Puzzel, deem seng Stécker ëmmer nees auserneegeholl, gesicht, zesummegeluecht, getest a nei erfonnt ginn”, sou d‘Beschreiwung vun de Co-Choreographen.

Dee ganze Programm vun der “Tanzmesse NRW” fannt Dir hei.