
Grousse Succès fir de Lëtzebuerger Filmsecteur: D'VR-Produktioun "A Long Goodbye" huet um internationalen Animatiounsfilmfestival zu Annecy den Haaptpräis fir dat bescht immersiivt Wierk gewonnen.
Realiséiert gouf den Animatiounsfilm mat virtueller Realitéit vum Kate Voet et Victor Maes. D'Produktioun ass ënner anerem vun Tarantula co-produzéiert ginn, mat Ënnerstëtzung aus der Belsch an Holland. D'2D- an 3D-Animatioun ass vum Lëtzebuerger Studio Velvet Flare.