Virun genee 75 Joer gouf Wolz vun den amerikaneschen Truppen befreit.

Am ganze Land gi fir de 75. Anniversaire vun der Liberatioun Blummen, Kränz an Gerben virun d'Monumenter néiergeluecht. „Blumme, Kränz a Gerbe kënnen näischt méi symboliséieren, wa keen méi do ass, fir se néier ze leeën." Dat sot de Pierre Stockreiser, Direkter vum Lycée du Nord, bei enger Table Rond. Et ass wichteg, och déi Jonk ze erreechen.

Dofir brauch et awer eng nei Erënnerungskultur. Méi no a méi interaktiv. D'Uni Lëtzebuerg an de Nordlycée hunn hir ganz eegen Aart a Weis, fir un d'Vergaangenheet ze erënneren.

An enger Zäit, an där een dagdeeglech mat neien Informatioune bombardéiert gëtt, ass et virun allem wichteg, de Passé net ze vergiessen. An engem neien interaktiven Documentaire geet et genee dorëms. De Fokus läit um allsäits bekannte Schumann's Eck. An enger Collaboratioun tëscht verschiddenen Acteure vun der Uni Lëtzebuerg weist een an enger virtueller Welt Biller aus dem Zweete Weltkrich. An e puer Klicks sicht ee sech esou déi Geschichten eraus, déi een am meeschten intresséieren.

Dominique Santana vun der Uni Lëtzebuerg: „Déi 23 Bachelor-Geschichtsstudenten, déi un dësem Projet geschafft hunn, hu sech zesumme mam Militärmusée zu Dikrech mam Thema Ardennen-Offensiv ausernee gesat a recherchéiert. D'Iddi war et, de Sujet an enger anerer an neier Aart a Weis ze traitéieren."

„Wat häss Du gemaach?" Dës Fro gëtt am interaktiven Dokumentarfilm „Schumann's Eck" gestallt. Dëse Film ass vu verschiddenen Acteure vun der Uni.lu an dem C2DH produzéiert ginn. Den Documentaire soll d'Erënnerungen un d'Ardennen-Offensiv ëm de Schumann's Eck nees waakreg maachen. Mat flotte Geschichte vun eenzele Personnagë gëtt probéiert, mat engem moderne Konzept d'Erënnerungsaarbecht no vir ze bréngen. Well verschidde Saache soll een ni vergiessen...

Noémie Kettenmeyer, Geschichtstudentin op der Uni.lu: „Mir hunn a klenge Gruppen zesummegeschafft, hunn eis dann natierlech iwwerluecht, wat mer weise wëllen a firwat. Zum Beispill a menger Gruppe ass et ëm d'Helde gaangen. An dann hunn mer probéiert, Geschichten vun eenzelen Zaldoten ze fannen, déi dat weisen, wat en Held an engem Krich ka sinn."

Vun edukativer Säit goung et virun allem drëms, de Geschichtsstudenten d'Méiglechkeet ze ginn, aktiv iwwert Projeten ze léieren. Dat unhand vu Medien an enger direkter Collaboratioun mat engem Musée. De Prozess hannert dësem Documentaire huet vill Zäit an Aarbecht mat sech bruecht, esou d'Noémie Kettenmeyer, Geschichtsstudentin.

De Schumann's Eck war eng bekannte Kräizung am Norde vu Lëtzebuerg an eng vun de grausaamsten Episoden an der Ardennen-Offensiv mat 4.000 Doudegen a Vermëssten, dorënner Zaldoten awer och Zivilisten. Vill Leit fueren all Dag laanscht dës Plaz, och d'Schüler an d'Schülerinnen aus dem Wolzer Lycée.

Noémie Kettenmeyer: „De Schumann's Eck ass eng Plaz, wou vill Leit reegelméisseg laanscht fueren, dat och, fir schaffen ze goen. Do steet dann och eng Commemoratioun, mä net jidderee weess, wat et domat op sech huet. Dee Projet hei soll hëllefen, dat Ganzt an enger neier Aart a Weis ze weisen a fir jiddwereen zougänglech ze maachen."

Fir dass ni vergiess gëtt, wat op dëser Plaz geschitt ass, hunn déi Jonk interessant Projeten ausgeschafft. Zum Beispill „Land of Memory".

Robert Kremer, Schüler aus dem Wolzer Lycée: „Do goung et ëm de Sentier Schumann's Eck, deen sollt revaloriséiert ginn. An do sollte mir als Schüler kucken, wéi kënne mir et maachen, fir dass d'Erënnerung vum Zweete Weltkrich erhale bleift a wéi kann dee Sentier nei gestalt ginn, an och méi interessant ka ginn fir déi jonk Generatiounen."

Mat externe Partner wëll de Lycée déi Jonk duerch besonnesch Aktivitéiten erreechen. Och eng Rees op Auschwitz war Deel vum Programm. Sarah Stockreiser, Schülerin aus dem Wolzer Lycée: „Wann een op deene Plaze steet a sech dat ukuckt a weess, dass genee op där Plaz dat geschitt ass, dann huet dat e ganz aneren emotionale Wäert, wéi wann een dat einfach a Bicher liest an dann erëm vergësst."

D'Vergaangenheet gräifbar maachen, e perséinleche Bezuch schafen, fir dass d'Blummen an d'Kränz, déi bei de Monumenter néier geluecht ginn, och fir déi Jonk eppes bedeiten.

Den Documentaire soll an engem Mount fir jiddwereen um Internet Site vum C2DH accessibel sinn. Dat an 3 Sproochen.

Rucksakbibliothéik

E weidere Projet, deen an Zesummenaarbecht mam Comité de la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am Nordlycée entstanen ass, ass d'Rucksakbibliothéik.

Och fir d'Geschichtsproff Françoise Flesch ass et wichteg, de Schüler a Schülerinnen d'Geschichte méi no ze bréngen.

D'Projeten aus dem Lycée du Nord sinn an Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer, mam Projet „Land of Memory", mat der National Liberation Memorial a.s.b.l., der Gemeng Wolz, dem Zentrum fir politesch Bildung, der Uni.lu, dem Comité de la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale an dem Musée National d'Histoire Militaire vun Dikrech entstanen.