Virun Kuerzem ass d’Buch “100 Joer Russen zu Lëtzebuerg” op de Marché komm.

Hei geet et ëm déi russesch Emigratioun op Lëtzebuerg am 20. an 21. Joerhonnert. Ënnert anerem iwwert déi sowjetesch Krichsgefaangener, déi an der Stolindustrie zu Lëtzebuerg geschafft hunn a Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter zu Tambow. D'Buch gouf an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an dem Centre for Contemporary and Digital History realiséiert.

Geschriwwe gouf d'Buch vun der däitscher Migratiounsfuerscherin a Journalistin Inna Ganschow. Op deenen 320 Säite gëtt déi russesch Emigratioun op a bannent Lëtzebuerg erkläert. Ënnert anerem erzielen Eenzelpersounen a Familljen hir Geschichten. Zum Beispill gëtt et ëm sowjetesch Krichsgefaangener, déi vun 1942 bis 1944 zu Lëtzebuerg an der Stol-an Eisenindustrie, grad ewéi an der Landwirtschaft als Zwangsaarbechter geschafft hunn.

Tëscht 1943 an 1945 waren 1.900 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter a russescher Gefaangenschaft. Se hunn d'Uniform vun der Wehrmacht gedroen. De Gros vun hinne gouf an d'Krichsgefaangenelager vun Tambow verluecht. Eng 500 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter si vum Tambow nees zeréck an hir Heemecht komm.

Experten no ass Russland ënnert dem President Vladimir Putin zu engem autoritäre Regime ginn. Kritiker schwätze vun enger simuléierter Demokratie. Donieft ass d'Korruptioun am Land wäit verbreet. Ma fir d'Inna Ganschow wier déi westlech Kritik a Russland onproduktiv. Dowéinst misst ee kucken, méi Brécken ze bauen.

D'Zuel vun de Russen, déi hei am Land liewen, huet sech an de leschte Joren dynamesch entwéckelt. Zejoert hu ronn 2.000 Russen hei am Land gewunnt.