
De Ian de Toffoli (Servais-Laureat vun dësem Joer) kennt ee jo éischter als Theaterauteur, Editeur a Kritiker. Mat "De Maulef Muck" huet hien elo säin éischt Kannerbuch erausbruecht. Dee gudde Muck gesäit net gutt, wat jo fir e Maulef ganz normal ass. Mä mat engem Brëll an der Hëllef vu senge Frënn mécht en sech op den Tour duerch d'ganzt Land. An e gëtt e richtegen Trendsetter, well geschwënn huet jiddereen e Brëll op! Eng witzeg Geschicht, mat Illustratioune vum Lynn Cosyn a gereimt vum Ian de Toffoli, deen op e puer Froe geäntwert huet:

Wéi bass du op d’Iddi fir e Kannerbuch an op de Personnage Muck komm?
Ian de Toffoli: "Ech ginn zou, de Muck ass net meng Iddi, dee koum vun der Illustratrice virum Lynn Cosyn, do gëtt et schonn eng méi laang Virgeschicht, op déi ech net aginn, mee et ass net eng original Iddi vu mir, ech ginn him am Fong just eng Stëmm, wann ee wëllt."
E Kannerbuch a Versform ass haut éischter seelen, firwat dee Choix?
Ian de Toffoli: "De Choix vun der Form kënnt dovun, datt ech wollt an déi Geschicht och e richtege literareschen Effort stiechen. Si ass geschriwwen a iambeschen Tetrameter: 8 Silben, ëmmer eng onbetount an eng betount - dat ass e ganz heroesche Vers, de Shakespeare huet a Iambe geschriwwen. Déi Versform, plus de Reim, gëtt deem Text e schéine Rhythmus, deem een einfach nogoe kann, deen ee matrappt."
De Brëll an all senge Formen ass iwwerall mat dobäi, souguer d’Päiperleken droen een. Firwat war dir de Brëll esou wichteg?
Ian de Toffoli: "De Brëll ass natierlech storytechnesch wichteg, well Maulefen net gesinn, a mat Brëll entdeckt de Muck d'Welt nach emol nei. Bei all Etapp staunt hien iwwert d'Welt, beim Tauchen, am Bësch bei de Blummen, an ebe bei de Päiperleken. Mee et gëtt och eng méi buedemstänneg Äntwert. De Buchprojet huet eng Rei Partner (PersPektiv, als Editeur, Studio Polenta als Designer, d'Lynn Cosyn als Illustratrice, mee och en Optiker, opti-vue, bei deem ech eng Partie Liesunge gemaach hu fir Kanner.) Et geet also och drëm ze weisen, datt e Brëll net brauch e Stigma ze sinn."
Wéi huet d’Zesummenaarbecht mat der Illustratrice Lynn Cosyn fonktionnéiert?
Ian de Toffoli: "Ma d'Zesummenaarbecht war bal eppes wéi e Ping-Pong-Spill. Am Fong hat ech à la base eng méi einfach Geschicht geschriwwen, ouni Reim a Vers, an op déi huet d'Lynn seng Illustratioune geschaaft, a wéi ech déi krut, war ech sou begeeschtert, datt ech meng Geschicht nach emol ëmgeschriwwen hunn, fir se op d'Illustratiounen z'adaptéieren. An dunn hunn ech och déi Form gewielt."
Gëtt et eng Anekdot ronderëm d’Buch?
Ian de Toffoli: "Keng wierklech Anekdot. Ech ka just soen, datt ech de leschte Weekend op de Walfer Bicherdeeg virun echweessnetwéivillmeesécherlechimmensville Kanner gelies hunn, an déi Energie an deem Sall war phenomenal. Ech mengen, dat gehéiert zu de bessere Liesungen, déi ech jee gemaach hunn. "
Extrait aus dem Buch:
Haut ass dem Maulef Muck säi groussen Dag. Eng ganz Kollektioun un neie Brëller krut hien heem geliwwert.
Ee Brëll fir all Aktivitéit. Dat trëfft sech gutt, well de Muck an de Fiisschen hunn decidéiert, e groussen Tour vum Land ze maachen, fir all hir Frënn besichen ze goen. Vum Stauséi bis an de Mëllerdall a vum Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher bis an de Skatepark an der Péitruss si si ënnerwee.
Eng Geschicht iwwert d’Frëndschaft an d’Freed, d’Welt nei ze entdecken.
De Ian de Toffoli , gebuer 1981, ass Schrëftsteller, Theater-Auteur a Kritiker. Fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" gouf hien 2026 mam Servais-Präis ausgezeechent. "De Maulef Muck" ass säin éischt Kannerbuch.
D'Lynn Cosyn, gebuer 1985, ass Kënschtlerin an Illustratorin. Ënner anerem huet si d'Kannerbuch "D'Rommel Bommel an hir Frënn" illustréiert, dat 2023 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner-a Jugendbuch ausgezeechent gouf.
"De Maulef Muck"
Ian de Toffoli (Text)
Lynn Cosyn (Illustratiounen)
erauskomm bei: PersPektiv éditions
ISBN 978-2-919838-04-2
32 Säiten
19€