D'Casting-Agence BGT huet op Facebook en Opruff fir Statiste fir eng nei, vun Amazon produzéiert "Herr der Ringe"-Serie gemaach.

"Funny looking people needed!" ("Mir brauche Leit, déi komesch ausgesinn!"), schreift d'Agence op hirer Facebook-Säit a fuerdert d'Leit op, hir Kolleegen an de Commentairen ze markéieren. Domat gemengt si Leit tëschent 18 a 65 Joer, déi en Iwwerbëss hunn, Verbrennungen am Gesiicht, laang, dënn Äerm a Been, Glidder, déi feelen, Falen am Gesiicht, Akne-Narben, Seegeloueren, déck oder "interessant" Nuesen, kleng oder grouss Aen, iergendwellech "Deformatiounen" oder dënn Gesiichter.

Medieberichter no ware bei enger éischter Versioun vum Opruff och Fotoen als Beispiller dobäi. De "Guardian" schwätzt vu "Mug shots", also Portraiten, déi um Policebüro gemaach ginn, wann ee verhaft gëtt. Dem "New Zealand Herald" no waren et Fotoen aus enger US-amerikanescher Campagne géint de Mëssbrauch vu Meth a vum Acteur Shaun Weiss, deem säi Gesiicht sech duerch d'Drogesucht staark verännert huet. Déi Biller sinn awer mëttlerweil ewechgeholl ginn.

Nodeems d'Produktioun wéinst der Corona-Pandemie huet missen ënnerbrach ginn, soll et elo séier nees virugoen. D'Serie soll nämlech d'nächst Joer ulafen. Ob deen Timing kann agehale ginn, ass awer nach onkloer.

Dobäi geet et ëm héich Zomme vu Geld. Berichter no gëtt Amazon iwwert 1 Milliard Dollar fir d'Produktioun vun der neier Fantasy-Serie aus, an der Hoffnung, un den Erfolleg vum HBO-Hit "Game of Thrones" erunzekommen.

D'Serie gëtt an Neiséiland gedréit. D'Produktioun huet awer näischt mat de Peter-Jackson-Filmtrilogien ze dinn. Et gëtt sech erwaart, datt d'Handlungen an der neier Serie sech op eng Zäit aus dem J.R.R. Tolkien senger Fantasy-Welt konzentréieren, déi laang virun den Evenementer an de Filmer spillt.

D'Casting-Agence BGT, déi eegenen Informatiounen no Statiste fir d'Serie rekrutéiert, hat och schonn no ganz horegen a ganz groussen oder klenge Leit gesicht an no Zirkusartisten.