#mirfreeëneisopiech – ënnert deem Motto hunn déi Stater Theateren de Moien hir Saison 20-21 virgestallt.

Iwwer 2 Méint ass kee Riddo opgaangen, keen Danzschrëtt gemaach ginn, keng Arie gesonge ginn. Wéi all Kulturhaiser hat de Lockdown och déi Stater Theateren haart getraff.

Frou war een awer um Dënschde Moie fir eng nei Saison ze lancéieren, eng Saison déi quasi an 2 gespléckt ass. An den éischte Méint ginn et vrun allem eege Kreatiounen am Beräich Theater.

Dozou gehéieren och Opträg un Auteuren, Ausschreiwunge fir d’Produktiounen an eng enk Zesummenaarbecht mat dem Kinneksbond Mamer, awer och mat de klengen Theatersäll, déi et schwéier hunn, iwwerhaapt hir Dieren opzemaachen.

Do wäert et dann e Concert vum OPL mat bekannte Sänger an Operarie ginn. Oper an Danz selwer si fir dëst Joer nach onméiglech. Och den Accueil vun internationale Produktioune leeft nach méi lues.

Verschiddenes aus der Saison 2019-20 konnt reportéiert ginn. Vun den 124 geplangte Virstellunge waren der 37 ofgesot ginn.

Vun en Dënschdeg u kann een da schonn emol en Abonement bestellen, d’Broschür online an eng Presentatioun op YouTube entdecken. De fräie Verkaf vun Tickete wäert am September ulafen, wann een déi adaptéiert Sécherheetsmesure kennt.

Geprouft a geschafft gëtt awer schonn nees am Haus. D’Stëmmung ass gutt, och beim Direkter, dee fir eng vun de Produktiounen och nees als Acteur wäert op der Bün stoen.