De Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass den offiziellen Tool fir d’Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, opgestallt vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
Den LOD gëtt andauernd weiderentwéckelt, an de leschte Méint koum e Covid-19-Glossaire derbäi an déi beléiftste Wierder goufen elo a Gebäerdesprooch opgeholl.
E Mëttwoch, um internationalen Dag vun der Gebäerdesprooch weise mer Iech, wat dat fir en Opwand ass.