D'Gewënner an den 3 Kategorien ginn den 19ten November an der BNL ausgezeechent. Hei sinn d'Bicher vun der Shortlist:

D'Lëtzebuerger Bicherediteuren deele mat, dass d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020 do ass! D'Gewënner wäerten am Kader vun enger (Corona-bedéngt) méi klenger Zeremonie an der Nationalbibliothéik ausgezeechent ginn, dat den 19ten November. D'Shortlist ass an 3 Kategorien opgedeelt, mat 5 Titelen pro Kategorie. Aus deene 5 Titelen wäert de Jury fir all Kategorie e Gewënner eraussichen.

Kanner a Jugendbicher

  • Marie-Isabelle Callier, Wichapi, Etoile parmi les étoiles, Editions Schortgen
  • Dolores Focaccetti, Rout, gréng, giel... Paprika, Editions Friederich-Schmit
  • Collectif, Mooka n° 1, E Mook fir Kanner, Eng Stad: Esch/Uelzecht, en Thema: Nuecht, Zoom Editions
  • Beatrice Ruffie Laca & Baptiste Boulanger, Baba Bégaie, Kiwi ELG
  • Diane Orban & Karels Myriam, De Wëlle leeft am Bësch, Editions Schortgen

Literatur:

  • Samuel Hamen & Marc Angel, Zeeechen, éditions Guy Binsfeld
  • Pierre Joris, Fox-trails, -tales & -trots, Black Fountain Press
  • Francis Kirps, Die Mutationen, Hydre Editions
  • Carla Lucarelli, Enfance, instantanés, Editions Phi
  • Antoine Pohu, La Quête, Op der Lay

Sachbicher

Well dëst Joer just 4 Sachbicher erageschéckt goufen, huet d'Jury decidéiert, keng Shortlist opzesetzen. Et wäert allerdéngs e Gewënner an dëser Kategorie ausgezeechent ginn, dat bei der Zeremonie an der BNL den 19ten November..

D'Membere vum Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2020 sinn:  Josée Hansen (Journalistin), Martine Mathay (BNL), Tim Reuter (CNL), Babeth Neiers (agence de design rose de claire), Roland Harsch (Schrëftsteller).