De Will Lofy ass e Lëtzebuerger Kënschtler, dee besonnesch an den 80er an 90er Joren eng Partie Skulpturen ausgestallt huet.

Bekannt gouf en haaptsächlech mat sengem Hämmelsmarsch-Sprangbuer um Roude Pëtz an der Stad an dem Maus-Kätti-Sprangbuer zu Munneref. Ma och haut mat senge bal 84 Joer ass hien nach ëmmer kënschtleresch aktiv.

Et ass e Mann, dee vill erlieft huet an dobäi säin Humor ni verluer huet. Jorelaang lieft de Will Lofy a Südamerika. Deelweis a sengem Haus um Festland vu Chile, awer och op sengen zwou Inselen huet hien vill Zäit verbruecht. Zanter zwee Joer wunnt de Kënschtler rëm ganz zu Lëtzebuerg. Eng Decisioun, déi hien aus gesondheetlechen Grënn treffe misst.

Will Lofi: “Wou ech krank gi sinn...Ech hunn elo d’Been erof geholl kritt, also de Fouss. Jo da gëtt dat méi schwiereg gell. Dann ass ee frou am Confinement ze liewen.”

Säi Been huet de Kënschtler duerch eng Infektioun verluer. D’Haus a Chile, sou wéi seng zwou Inselen stinn zum Verkaf. De Kënschtler ass zeréck a sengem Atelier am Gronn. Am Fréijoer 2021 well hie seng Wierker an sengem eegene Gaart ausstellen an fir de Public opmaachen. Donieft schafft den 83-Jähregen och nach un e puer Bicher. Erzielen well hien al Lëtzebuerger Geschichten.

“Et sinn lo keng seriö Geschichten. Et ass de Siegfried an d’Melusina, dat sinn meng zwee Helden. Mat deenen zielen ech d’Geschichten. “

Fir seng Geschichten schreift de Will Lofy net nëmmen den Text, mee hien illustréiert se och mat selwer gemoolten Biller.

Och um Kulturevenement Esch 2022 wäert de Kënschtler bedeelegt sinn.

“Dat ass d’Amitié Italo-Luxembourgeoise, déi do gefrot huet, fir eng kleng Skulptur ze maachen.”

Eng konkret Iddi wéi eng Skulptur hien fir Esch2022 maache wäert, huet de Will Lofy nach net. Awer soll d’Wierk d’ Bild vun enger Fra weisen.

Loscht un der Konscht hätt hien nach laang net verluer. E géif hoffen, nach e puer Joer kënnen aktiv ze bléiwen. Säi Liewen bis elo resuméiert hien esou:

“Wei ech jonk war, war et interessant. Wéi ech al sinn, ass et awer nach ëmmer interessant. Ech hunn näischt um Liewen begraff, mee ech fannen et interessant. Et ass schonn eppes lass gell.”