An engem knappe Mount, den 3. Mäerz, geet de Luxembourg City Film Festival an déi nächst Ronn. De Programm gouf e Méindeg an der Cinemathéik virgestallt.

12. Editioun vum LuxFilmFest / Rep. Tom Dockal

D'LuxFilmFest war 2020 dat éischt grousst kulturellt Evenement, wat mam Ufank vun der Pandemie matzendran ofgebrach ginn ass. Esouguer e puer Deeg virum landeswäite Lockdown. An no engem Hybrid-Festival dat lescht Joer woen d'Organisateuren dëst Joer nees e Festival "exklusiv" a Presenz. Déi Decisioun gouf awer net eréischt e Sonndeg geholl., preziséiert de kënschtlereschen Direkter vum Festival Alexis Juncosa.

Vun iwwer 100 Filmer, déi iwwert déi 10 Festivalsdeeg gewise ginn, sinn der 8 an der offizieller a 6 an der dokumentarescher Kompetitioun. Nom "Gutland" vum Govinda Van Maele vu virun e puer Joer an der Kompetitioun huet et dëst Joer dem Fabrizio Maltese säin Documentaire "Lost Flowers" et an d'Dokumentarkompetitioun gepackt.

Presidéiert gëtt den internationale Jury vum LuxFilmFest dëst Joer vum palestinensesche Realisateur Elia Suleiman. De Festival geet vum 3. bis den 13. Mäerz uechter d'Stater Kinoen an doriwwer eraus iwwert d'Bün.