
Net appropriéiert Verhalen am Stroosseverkéier, iwwerdeem eng Kolonn vun CGDIS-Gefirer Sonndes Moies de 27. September ënnerwee op den Dag vun de Rettungsdéngschter op Dikrech war - dat ass de Feeler deen engem CGDIS-Zenter-Chef aus dem Zentrum vum Land reprochéiert gëtt.
Eisen Informatiounen no, hätt de Mann, fir mat Zäit op Dikrech ze kommen, de Chaufferen an de Rettungsween ordonéiert mat bloe Luuchte laanscht Autoen an engem Chantiers-Stau ze fueren, ouni datt eng Urgence bestanen huet.
De CGDIS confirméiert RTL dee Verstouss géint de Code de la Route vum Beruffspompjee, deen och fräiwëlleg fir d'Rettungsdéngschter aktiv ass.
Vu sech aus huet den CGDIS de Commissaire de Gouvernement à l’Instruction disciplinaire mat deem Virfall saiséiert - parallel zu den Decisiounen déi am Kader vum Harcèlement vun enger Stagiaire am selwechte Verwaltungsrot geholl gi waren.
Ob och d'Ponts et Chaussées eng Plainte wéinst deem Tëschefall op der Autobunn bei der Police gemaach huet, ass net confirméiert.
De Virfall deen Enn September um Wee op Dikrech geschitt ass, läit lo also beim Commissaire de Gouvernement, deen eng Enquête à charge et à décharge géint de Mann mécht.
Wann seng Conclusioun bis do sinn a wann d'Faiten confirméiert sinn, wäerten entweder den CGDIS Verwaltungsrot oder de Conseil de Discipline vum Staat iwwer méiglech Sanktiounen entscheeden.
Dee selwechte Beruffspompjee war ewell eng aner Kéier negativ bei engem CGDIS Auslandsdeplacement opgefall: deemools goung et ëm iwwerméissegen Alkoholkonsum wärend enger Formatioun zu Paräis.
Zum Alkoholexzess koum et baussent den Déngschtzäite preziséiert eis géintiwwer den CGDIS, deen och matdeelt datt dee Virfall sur place vum Chef de Mission geklärt gouf an ouni Suitte bleift.
Bis eng Decisioun vum Commissaire de Gouvernement virläit gëllt natierlech d'Présomption d’Innocence an och weiderhin ass de Mann fir de Rettungscorps aktiv.
Missiounen vum commissaire de gouvernement à l’instruction disciplinaire