Wandmolerei vun der Lisa JuniusLE MUR Luxembourg

Sophie Becker
Fir déi 28. Editioun vu LE MUR Luxembourg freeë sech d'I Love Graffiti asbl an d'Stad Lëtzebuerg e Wierk vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Lisa Junius kënnen ze presentéieren.
Wandmolerei un der Fassad vum City Museum vum Lisa Junius.
Wandmolerei un der Fassade vum City Museum vum Lisa Junius.
© Frank Schneider, Ville de Luxembourg

Den 20. November war de Vernissage vun der Wandmolerei vum Lisa Junius un der Fassad vum Lëtzebuerg City Museum.

D'Kënschtlerin, déi zu Lëtzebuerg gebuer ass, schafft als interdisziplinär Kënschtlerin a Keramikerin. An hire Wierker presentéiert si oft berouegend Welten, déi vu weibleche Figuren a kosmeschen Elementer bewunnt sinn.

Duerch Wandmolerei, Keramik an Design entwéckelt si eng visuell Sprooch voller Poesie, Rou a Fantasie. Si huet sech heibäi op organesch Forme konzentréiert, déi hir dobäi hëllefe bei sech selwer unzekommen an eng Verbindung mat sech an der Ëmwelt opzebauen.

Theme wéi Weiblechkeet, d'Magie vum Alldag an Heelung spillen d'Haaptrollen an hire Wierker. Inspiratioun fir hier Konscht fënnt si an der Natur, de Moundzyklen an an der Welt vun der Fantasie. Déi blo Faarf, déi charakteristesch fir hir kënschtleresch Welt ass, zitt sech duerch hiert ganzt Schafen a verleet hire Wierker eng meditativ a gläichzäiteg déif mënschlech Dimensioun.

Ze gesinn ass hier Wandmolerei un der Fassad vum Lëtzebuerg City Museum.

Back to Top
CIM LOGO