Dankbar a voller Liewensfreed seet sech d‘Karin Persuric haut. Dat kann erstaunen, no allem wat si matgemaach huet. 24 Joer laang war si mat hirem Mann zesummen, 18 dovunner bestuet. D‘haislech Gewalt huet kuerz virun der Hochzäit ugefaangen. "Do huet hie mech fir d'éischte Kéier an d'Gesiicht geschloen, an dann huet e sech gerechtfäerdegt, ech wär hysteresch gewiescht. Hien hätt keen anere Choix gehat fir mech ze berouegen, an huet dat Ganzt erofgespillt."
No sechs Joer Bezéiung a kuerz virun der Hochzäit wollt d’Karin wéinst där enger Episod net alles a Fro stellen. Lues a lues ass déi psychesch Emprise awer ëmmer méi grouss ginn. Hire Mann huet si ëmmer méi kontrolléiert. Mat wiem si ënnerwee war, wat si ausginn huet. Hien huet hir virgeschriwwen, wéi si schwätzen a wat si undoe sollt. Hien huet si erof gemaach a blesséiert. “Wou ech mengem Dram wollt nogoen, fir Franséischproff ze ginn, seet en zu mir: Du wëlls Proff ginn? Nimools am Liewen, du kanns dat net. Soit... Mee wat ech méi schlëmm fonnt hunn, dat war wärend der Schwangerschaft. Wou hie gesot huet, hie wär sech mol net sécher, dass d'Kand vun him wär. A schued eigentlech, dass ech net ofdreiwen.”
“Ech hu mech net als geschloene Fra betruecht, well déi physesch Gewalt, déi war sporadesch. An dat anert wousst ech mol net, dass dat Gewalt wär an datt dat inakzeptabel wär. An ausserdeem, ech sinn als Kand esou erzu ginn, fir e braavt a gehorsaamt Meedchen ze sinn a méi spéit an der Bezéiung hunn ech mech och esou verhalen."
D'Lëscht vu Fuerderungen a Contraintë gouf iwwer d'Joren ëmmer méi laang. Als net-Betraffene kann ee sech wonneren, dass ee Mënsch sech dat esou laang gefale léisst. Psychesch Gewalt wär subtil a kéim schläichend, seet d’Karin. “Si ass net visibel. Si hannerléisst keng visibel Tracen an dofir ass et och esou schwéier, fir se als solch z'erkennen.”
Si hätt mol net gewosst, datt et e Begrëff dofir géif ginn. “Mee hien huet d’Saachen och erofgespillt an, wann hie sech entschëllegt huet, duecht ech: Bon, et ass rëm gutt.” Et géif elo besser ginn, huet hire Mann ëmmer nees versprach. Si sollt him eng lescht Chance ginn. Och fir de gemeinsame Bouf.
D’Situatioun eskaléiert am Summer 2016. Ee vun de Polizisten, deen intervenéiert, gesäit der Karin hir Blessuren an insistéiert, datt si eng Plainte mécht. De Parquet ordonéiert d'Wegweisung vum Mann. “An dunn hunn ech d'Entscheedung getraff, fir mech scheeden ze loossen. An do huet e ganz konkreet gesot: 'Wann s de mech verléisst, bréngen ech mech ëm!'"
Beim Service d'Assistance aux victimes de violence domestique gëtt d’Karin ënnerstëtzt. “An do huet mer eng Madamm ganz kloer erkläert: Madamm, wann Der Iech wëllt scheede loossen, dann ass dat Äert gutt Recht. An Dir dierft nimools mengen, nimools mengen, dass Dir responsabel sidd. Wann et souwäit soll kommen, wann hie sech soll ëmbréngen, dir sidd net responsabel dofir.”
No 18 Joer Mariage reecht d'Karin Persuric d'Scheedung an. E puer Méint drop hëlt hire Mann sech d'Liewen. Virun der Karin hirer Hausdier. Wärend si an hiren deemools 12 Joer ale Bouf banne verbarrikadéiert op d‘Police waarden.
Mat Hëllef vu psychologescher Betreiung, Omega 90, Frënn a Famill verschaffen d’Karin an hire Bouf dësen Drama an déi jorelaang psychesch Abusen. “Fir dat Ganzt ze iwwerwannen, ass ee Punkt extreem wichteg. Dat ass, ech hunn et refuséiert, fir als Schëlleg do ze stoen”, betount d’Karin. “Ech weess schliisslech, well ech alles ënnerholl hunn, fir probéieren, hien ze retten.”
10 Joer méi spéit, huet d'Karin dëse Summer ugefaangen, e Buch iwwer hir Geschicht ze schreiwen. "Meng gréisst Revanche ass et glécklech ze sinn", heescht et. D’Buch wär u sech awer keng Revanche, mee eng Botschaft vun Hoffnung, seet d'Franséisch Proff. Si hätt d’Gefill, si géif ee Krees zoumaachen. Et hätten nach e puer Stécker gefeelt fir hir Emanzipatioun, no deene laange Jore wou si gebraucht hätt fir, aus där Bezéiung erauszekommen. Elo hätt si d’Gefill, een neit Kapitel géif opgoen. Si wëll sech engagéieren am Beräich vun der haislecher Gewalt. Mathëllefe Preventioun ze maachen, déi Jonk opklären. “Fir dass si net dat mussen erliewen, wat ech erlieft hunn!”
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu