Am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 réckelt all Mount eng vun de Pro-Süd- oder CCPHVA-Gemengen an de Mëttelpunkt.

Deemno huet ee sech zu Käerjeng och dat eent oder anert Evenement afale gelooss, fir dee Mount ze nëtzen. Den éischten Event um Programm ass de sougenannte "Festival du feu". Dëse leeft vum 5. bis de 6. Mäerz, also zum nämmlechten Ament, wéi eng al Lëtzebuerger Traditioun: d’Buergbrennen. Lancéiert gouf dës Initiative vum Historiker Jean Reitz an der bildender Kënschtlerin Florence Hoffmann. Niewent deem klassesche Buergbrenne wäerten et och eng Rëtsch sougenannte Feierskulpturen ze gesi ginn.

Spéider am Joer gëtt dann de Marché "Au Goût du Terroir" organiséiert. Dëse gouf vum Naturpark Our initiéiert, wou jo och schonn 2007 en änlecht Konzept ausgeschafft gouf. Bei "Meet the Makers" stounge lokal Baueren a Produzenten am Mëttelpunkt. Dat ass och dëst Kéier de Fall, mä et géif een och vill Wäert op Nohaltegkeet leeën, esou d’Lisa Elsen, Coordinatrice vum "Au Goût du Terroir". Wéinst der Pandemie huet de Marché mussen an den Hierscht era verréckelt ginn.

Méi Informatioune ginn et hei.

Lescht Preparatioune fir grouss Ouverture

De Samschden ass et endlech souwäit. Da gëtt Esch 2022 eng Realitéit an domadder fänken d'Festivitéiten am Kader vum Kulturjoer un. An dat direkt mat enger riseger Ouverture, wou sech bis zu 25.000 Leit erwaart ginn.

Dat bedeit am Hannergrond awer ganz vill Aarbecht. Do muss un alles geduecht ginn an alles am Virfeld getest ginn, fir dass da bei der Erëffnungszeremonie alles sou ofleeft wéi geplangt.

Mir waren um Donneschden op d'Plaz kucken, wéi d'Virbereedunge lafen.