Eng ontransparent Gestioun vun ëffentleche Gelder - mat deem Reproche ass de Lëtzebuerger Filmfong zanter e puer Joer ëmmer nees konfrontéiert.

D'Verwaltung, déi dofir zoustänneg ass d'Subside fir d'Filmindustrie ze verdeelen, gouf ewell an engem externen Audit an an engem Spezialrapport vum Rechnungshaff ënnert d'Lupp geholl. De politesche Konsens ass, datt eng Reform néideg ass. Um Bord vun enger Pressekonferenz huet de Filmfong-Direkter Guy Daleiden e Mëttwoch de Moien op verschidde Reproche reagéiert.

Kritik um Filmfong / Reportage Fanny Kinsch

Enger Reform vum Filmfong-Gesetz verschléisst de Guy Daleiden sech net - eleng duerch d'Pandemie hätt sech an de leschte Jore vill am Secteur geännert. De Virworf, de Filmfong wier net streng genuch, wëll hien awer net gëlle loossen.

"Nee. Dat géif ech net soen, well dat huet kee behaapt an dat huet kee Rapport esou ginn. Dir schwätzt jo déi zwee Rapporten un, deen ee vu Value Associates an och deen aneren [vum Rechnungshaff], ech menge wann ech de Rapport vu Value Associates den éischte Saz liesen, wou dra steet dass de Rapport iwwert d'Gestioun vum Filmfong globalement positiv ass, da ginn ech net dovun aus, dass ee ka soen, dass mer lâche an der Gestioun waren."

D'Produzente misste beweisen, datt si d'Suen effektiv ausginn, iert si vu Subside profitéiere géingen. Dofir hätt seng Verwaltung och héich Zomme vu Suen op de Konten, well dës eben net direkt géinge fléissen. Datt d'Produzenten nëmmen e Brochdeel vun den Hëllefe géingen zréckbezuelen, géing dru leien datt si kaum Profit géinge maachen.

"Dass keng Sue mat Lëtzebuerger Filmer ze maache sinn, dat ass leider an der Natur vum Lëtzebuerger Kino, vum Europäesche Kino, mee vun der Europäescher Kultur tout court. Wann nämlech de Produzent kéint Sue maachen a kéint alles zréck bezuelen, firwat gëtt et eis dann? Da bréicht et eis jo guer net ze ginn. Da kéint e jo bei d'Bank goen a soen "Hei Bank léin mer 3 Milliounen, ech maachen de Film a wann de Film fäerdeg ass bezuelen ech dech zréck"."

Verschidde Recommandatioune vum Rechnungshaff wieren iwwerdeems ewell ëmgesat ginn: den Direkter ënnerschreift haut net méi eleng, et ass eng 2. Ënnerschrëft néideg. Och virdrun hätt hien d'Decisiounen awer net eleng geholl, sou de Guy Daleiden.

"D'Cour des comptes seet jo net "hei sinn 20 Reegelen, esou muss der et maachen". D'Cour des comptes kuckt wéi der et maacht an da soe si "mir proposéieren dat anescht ze maachen". An dat hu mer gemaach."

De Rechnungshaff hätt dem Filmfong awer keng Feeler reprochéiert, seet de Filmfongdirekter.

Den 28. November hunn den Direkter an d'Presidentin vum Verwaltungsrot vum Lëtzebuerger Filmfong Rendezvous an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber.