"Positivitéit ass genee esou ustiechend wéi Negativitéit"
Vu Graffiti am Verbuergene bis hin zu Urban Art op Fligeren - dem Sumo seng Karriär weist exemplaresch, wéi sech d'Zeen zu Lëtzebuerg gewandelt huet.
Zesumme mam Stick a mam Spike war de Sumo ee vun deenen éischte Graffiti-Kënschtler zu Lëtzebuerg - an enger Zäit, wou nach keen iwwer Street Art geschwat huet. Fir seng neiste Projete mécht de Kënschtler elo och eng Excursioun an déi Digital Konscht.
"Ech molen, säitdeem ech e Stëft hale kann."MTV, d'Skaterzeen, Heavy-Metal-Albumcoveren - de Sumo, dee mam biergerlechen Numm Christian Pearson heescht, huet sech als Jugendlechen an den 90er Jore vun deem inspiréiere gelooss, wat ronderëm hie war.
Säin Talent huet him scho mat 13, 14 Joer en Accès ginn, vun dem aner Schüler just dreeme konnten:"Ech hu fir mech deemools ugefaangen, Zeechnungen a Schrëftzich ze maachen, wat dozou gefouert huet, datt Leit aus der Schoul mech gefrot hunn, Flyeren an Invitatioune fir Partien oder Concerten ze maachen. Dat war cool, well ech doduerch ëmmer op all Party invitéiert war. Dat war e bësse meng Motivatioun, fir mech drunzeginn, fir datt ee mech déi nächste Kéier nach emol freet."

De Sumo a sengem Atelier.
An den 90er Jore war Graffiti eng Saach, déi een a Groussstied gesinn huet - zu Lëtzebuerg gouf et nach keng Zeen. Deemno war et dann och ee Schoulausfluch op München, deen dem Sumo seng Léift fir de Graffiti lassgetrueden huet. "Mir sinn an den Zuch geklommen an déi ganz Linn war vollgemoolt mat Graffiti. Ech souz mam Gesiicht widder der Fënster." Fir hire fräien Nomëtteg, op deem déi aner Schüler zum Beispill an de Musée gaange sinn, haten d'Frënn aner Pläng: "Mir sinn natierlech riicht zeréck op d'Zuchlinn gaangen an hunn do Fotoe gemaach. Deemools gouf et net wierklech Bicher oder Magasinnen iwwer Graffiti, dat war schonn eppes Besonnesches."
Et war a senger Zäit am Lycée des Arts et Métiers, wou de Sumo ugefaangen huet, och selwer erauszegoen a Graffiti ze maachen. "Zesumme mat zwee Kolleegen, dem Stick an dem Spike, hu mer ugefaangen, ze molen. Dat war eng Zäit, wou ganz vill anerer och ugefaangen hunn, a wou sech eng Zeen gebilt huet an de Mëtt-90er."
Mam Spike - och ee bekannte Lëtzebuerger Street-Art-Kënschtler - huet de Sumo an der Schoulzäit eng produktiv kleng Rivalitéit entwéckelt. "De Spike war mäi Bänknoper. Wärend de Coursen hu mir eis Schoulbicher vollgemoolt an da hu mir eis géigesäiteg probéiert ze iwwertreffen." Esou hunn déi Zwee dunn och ugefaangen, zesummen ze schaffen an zesummen erauszefannen, wéi een de Graffiti iwwerhaapt un d'Mauer kritt. "Et war keen do, deen eis konnt weisen, wéi dat geet. Et war learning by doing an et war een immens luese Prozess."

Mat der Spraydous huet alles ugefaangen. / © Tom Zeimet / RTL
Déi éischt Graffitie goufe mat relativ wéineg Moyenen an d'Praxis ëmgesat: "Et hat ee Maximal dräi Faarwen. Et kann een als Teenager jo schlecht bei d'Eltere goen a froen, ob ee ka Sue kréie fir Spraydousen." Gesprayt gouf ënnert anerem mat Autoslack, déi schwaarz Faarf war eng Zort Goudron fir ënnert den Auto. Och déi éischt richteg Mauer, déi de Sumo gesprayt huet, war éischter nach experimentell. Se stoung an der Gare op der Stroossbuerger Strooss, d'Material war dënn Faarf op eng ontraitéiert Mauer. "Haut géife mer emol fir d'éischt usträichen an dann dropmoolen, mee dat wosste mir deemools nach net." An awer: "Dat war e Meilestee fir eis alleguer. Dat war déi éischte Kéier, datt e Resultat erauskomm ass, dat wierklech no Graffiti ausgesinn huet."
D'Schluechthaus zu Hollerech - en Treffpunkt fir d'Zeen
Datt Graffiti- a Street-Art-Kënschtler hautdesdaags ënnert anerem an der Stad esou vill Raum gebuede gëtt, ass een Acquis, ëm deen de Sumo a seng Kolleegen aus der Zeen Enn der 90er Joren haart hu misse kämpfen. "Wou de Skatepark op Hollerech komm ass, krute mer proposéiert, eng Mauer ze molen", erënnert sech de Sumo. Bei där enger Mauer ass et awer net bliwwen. Et gouf domat gedreet, de komplette Site nees wäiss ze iwwersträichen, "Do sote mir eis - ok, ma wann dat de Fall ass, wa souwisou nees alles wäiss ugestrach gëtt, da kënne mer jo eng Kéier alles molen an da kënnt der et nees usträichen." Eng 50 Sprayer sinn op engem Weekend am Skatepark zesummekomm an hunn alles iwwerstrach. "Mir hunn an engem Weekend de ganze Site gemoolt. Komplett, vun uewe bis ënnen. Duerno war kee Courage méi do, alles nees wäiss unzesträichen. Esou huet dat ugefaangen an esou hate mir do e bëssen eis Spillplaz."
Weideren onerwaarte Bäistand krut d'Graffiti-Zeen vum deemolege Gemengepolitiker Xavier Bettel. An enger Zeitung fir d'Stad Lëtzebuerg ass deemools en Artikel iwwer Street Art publizéiert ginn, an deem ënnert anerem de Sumo, de Xavier Bettel an d'Police zu Wuert koumen. "De Xavier Bettel huet gesot, et wier jo flott, datt et eng Plaz géif ginn, wou legal kéint gesprayt ginn, wéi am Schluechthaus zu Hollerech. Dat stoung schwaarz op wäiss an der Zeitung dran, mam Virwuert an der Ënnerschrëft vum Buergermeeschter Paul Helminger. Vun deem Moment un hat ech déi Zeitung ëmmer am Auto leien, wann ech do mole gaange sinn. Vun deem Moment u war dat fir eis eng legal Plaz."
D'Schluechthaus zu Hollerech ass och haut nach eng vun den zentrale Plaze fir d'Street-Art-Zeen zu Lëtzebuerg. De Weekend vum 13. a 14. Mee gëtt do de 25. Anniversaire vum Lëtzebuerger Graffiti gefeiert. Quasi de komplette Site gëtt bannent zwee Deeg vun nationalen an internationale Kënschtler iwwermoolt. De komplette Programm vum Weekend fannt Dir hei.

© RTL-Archiv
Wéi aus enger Gromper de "Crazy Baldhead" ginn ass
"Mir hunn eis all géigesäiteg inspiréiert, mee de But war ëmmer, datt ee säin eegene Stil huet an datt een Erëmerkennungswäert huet." Deen huet de Sumo scho fréi kultivéiert. "Ech hu gäre staark a reng Faarwen. Se sinn inspiréiert vun all de Saachen, déi ech an der Kandheet gesinn hunn; Albumscoveren, Kamellen, Celeral-Verpakungen, an eben MTV, wou alles geflimmert huet. Fir mech si meng Faarwe MTV-Faarwen." A senger Konscht wëll de Sumo genee déi Energie erëmginn - och wéinst dem Effekt, deen dat op d'Leit huet. "Faarwen a positiv Messagen hunn en Afloss op d'Wuelbefannen. Positivitéit ass genee esou ustiechend, wéi Negativitéit an ech wëll einfach ee positiven Impakt op mäin Entourage hunn."
Säi stilprägenden "Crazy Baldhead" ass iwweregens aus eng Gromper entstanen, verréit de Sumo am RTL-Interview. Enn der 90er Jore war hien op der Sich no engem neien Alter-Ego. "E sollt éischter méi aggressiv sinn, fir datt aner Sprayer net iwwert mech molen." Méintelaang huet de Sumo Skizze gemaach, mee en huet einfach näischt fonnt. "Aus der Frustratioun eraus hunn ech iergendwann eng Gromper gemoolt an hir zwee Aen an eng spatz Nues ginn. Esou ass de Crazy Baldhead entstanen. Ech sinn driwwer getrollt."

Dem Sumo säi "Crazy Baldhead" huet et souguer bis op Lissabon gepackt. / © RTL
Vu faarwege Fligere bis hin zu digitaler Konscht
Och wa sech dem Sumo säi Stil iwwer d'Joren net grondleeënd geännert huet - de Medium, deen hie benotzt, ass méi divers ginn. "Iergendwann an den 2000er wollt ech vun dem traditionelle Graffiti ewech, well ech fonnt hunn, dass ech op engem Karussell drop sinn, mat all deenen anere Graffiti-Sprayer a jiddwereen ass anescht, mee jiddweree mécht trotzdeem dat selwecht." Ugefaangen huet et mat handgemoolte Stickeren, du koum am Joer 2002 eng éischt Expo derbäi.
2012 huet de Sumo dunn de Schratt gewot, Vollzäitkënschtler ze ginn. "Ech hu mer geduecht: Wann aner Leit hei zu Lëtzebuerg vun der Konscht liewe kënnen, da kann ech dat och" Eréischt méi spéit huet de Sumo gemierkt, datt déi meescht Kënschtler awer nach een zweet Standbeen haten. "Ech mengen, et war awer och dat, wat mir déi Blockad ewechgeholl huet - ze mengen, datt déi aner et gemaach hunn." No engem Joer struewelen hat hie sech schliisslech etabléiert.
De Schratt huet sech gelount. Zanterhier ass de Sumo ënnert anerem Kollaboratioune mat der Luxair oder och nach mat Porsche agaangen. Et ass net all Dag, datt een als Kënschtler d'Méiglechkeet kritt, e komplette Fliger ze iwwerschaffen. "Et reizt mech wéinst dem Challenge. Ech gi gären aus menger Confortzon eraus." Säi Background als Grafikdesigner ass bei esou grousse Projeten och vu Virdeel.

De Sumo huet fir d'Luxair ee Fliger verschéinert. / © Tom Zeimet / RTL
Seng Zukunft gesäit de Sumo awer och an der digitaler Konscht. "Ech hunn eng kleng Serie vun NFTs erausbruecht d’lescht Joer, mee ech schaffen elo un engem gréissere Projet." Ophale mat mole wëll de Kënschtler dofir awer net, fir hie lafe béid Projete parallel. Déi nei Linn vun NFTs wäert vun de Crazy Baldheads inspiréiert sinn an eng Communautéit zesummebréngen, déi wéi de Sumo "un eng digital Zukunft gleeft."