Ob Festival oder Concert, ob Open-Air oder an enger Hal: Musek live erliewen, ass ëmmer eppes ganz Spezielles

Fir eng kuerz Zäit am Moment sinn, sech vun de Kläng vun der Musek dreiwe loossen, den Alldag vergiessen a vläicht sengem Star eemol ganz no sinn. Virun allem dann, wa virun engem op der Bün e Weltstar steet. An där waren der nawell iwwert Zäit e puer zu Lëtzebuerg.

Een wou engem do direkt an de Kapp kënnt:

De King of Pop, Michael Jackson, huet 1997 wärend senger Welttournée am Grand-Duché e Stopp gemaach. An nach bis haut ass et ee vun de gréisste Concerten, déi jee hei am Land gespillt goufen. Eng Mega Show op engem Feld zu Beetebuerg, wou iwwer iwwer 40.000 Leit den 22. Juni, also um Virowend vun Nationalfeierdag, d‘Pop-Legend konnte live gesinn an dat obwuel d‘Meteo alles, mee net matgespillt hat. Et huet gereent, wéi mat Eemeren. Ma d’Gummisstiwwelen waren e Must fir deen Owend an et huet der Stëmmung och net geschuet. Eenzege Mëssel a kleng Anekdote: De Michael Jackson hat, nodeems e sech am gëlle Buch vun der Gemeng Beetebuerg veréiwegt hat, d‘Buch einfach matgeholl an ni méi zréck ginn. Ob dat elo gewollt war oder net, dat bleift bis haut e Geheimnis.

Ma nëmmen 2 Joer am Viraus, war sécherlech den Highlight an der Geschicht vun de Concerten hei zu Lëtzebuerg an et war och deen, deen domadder eng nei Ära agelaut huet. Nach ni virdrun an nach ni duerno gouf et e gréissere Concert hei am Land. 60.000 Spectateuren. A fir wie besser, wéi fir d’Rolling Stones, déi wuel bis dato bekanntsten a kommerziell am erfollegräichste Rockband vun der Welt, war hei zu Lëtzebuerg op de Wisen vum Kierchbierg. De Mick Jagger a co woussten ze iwwerzeegen an hunn dem Kulturjoer 1995 de Punkt op den I gesat. An dat war nawell eng éischter spontan Aktioun. Hire Concert zu Athen gouf ofgesot an dunn huet een hei d‘Chance genotzt. Déi deemoleg Presidentin vum Kulturjoer a Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer erënnert sech. Nëmmen 6 Wochen hate si Zäit, fir alles op d‘Been ze stellen.

“Ech hat do e Bréif kritt vum Chef vun der Police a vun der Gendarmerie. Déi Zäit hate mir nach déi zwee, wou déi gesot hunn:  Esou eppes soll een net organiséieren, dat wier eng Masse hostile u Leit. Do kéinte si d’Responsabilitéit net iwwerhuelen. Dat war schonn e klengen Schock. Mee ech hunn do mat all deene geschwat, déi mat sollten hëllefen fir dat ze organiséieren. An déi hu mir all gesot: “Madamm, dat dote packe mir!”

An domadder war den Ufank vun enger ganz neier Ära fir d‘Concerten hei zu Lëtzebuerg agelaut. Iwwerhaapt stiechen d‘Enn vun 1990er Joren eraus. Am Juni 1996 mat der US-amerikanescher Rockband Bon Jovi zu Beetebuerg  an natierlech och net ze vergiessen, d‘Queen of Rock‘n‘Roll. Déi deemools 56 Joer al Sängerin mat der wuel bekanntster Coiffure an enger vun de gréissten Stëmmen an der Museksgeschicht. D‘Tina Turner huet 1996 de Stade Josy Barthel mat sengen 25.000 Zuschauer aus den Aangele gerappt.

Ufank vun den 2000er sinn du Festivallen zu Lëtzebuerg ëmmer méi an d‘Rulle komm. Sief et den Terres Rouges Festival um Escher Gaalgebierg, wou Gréissten, wéi d‘Popsängerin Pink d‘Leit begeeschtert huet. Grad sou wéi de Flamänner Milow oder den US-Amerikaner Aloe Blacc.

Ma och de Steelworx Festival, deen am Kader vum 50. Gebuertsdag vun der europäescher Kuel- a Stol Vereenegung op den alen Arbedsfrichen organiséiert gouf, huet ëm déi 50.000 Mënschen ugezunn. Mat Headliner wéi Muse oder Indochine.

A schwätzt een iwwer Festivallen zu Lëtzebuerg, dann dierf een net feelen. De Rock-a-Field, deen zanter 2006 vum Atelier organiséiert gouf. Ob Kings of Leon, Peter Fox, 30 Seconds to Mars oder de bekannten DJ Steve Aoki. All si hunn de Wee op d‘Herchesfeld fonnt. Bis 2016 déi leschte Kéier, ma wéi et um Site heescht, wier e Comeback net ausgeschloss. Dofir ass dann elo zanter e puer Joer awer ëmmer de LOA-Festival e feste Bestanddeel vum Event-Kalenner.

An d‘Stad Lëtzebuerg hat no hirem Coup mat de Rolling Stones och e Wiertchen mat ze schwätzen, wann et ëm gréisser Concerten geet. Sou huet de Knuedler sech dacks als passend Plaz erausgestallt. Sou wéi fir de Concert vun der Rockband Deep Purple, deen 2000 extra organiséiert gouf, fir den Trounwiessel vum Grand-Duc. De Roby Schuler ass souzesoen de Papp vum Rock um Knuedler, dee vun 1991 bis 2019 organiséiert gouf an dee seng fest Plaz am Lëtzebuerger Agenda hat. Fir den 10. Gebuertsdag haten se et hikritt fir d‘US-Amerikaneschen Soul-Sängerin Anastacia an d‘Stad ze kréien.

Ma d‘Concertszeen krut awer nach eemol en Opschwong 2005 mat der Erëffnung vun der Rockhal, wou am Haaptsall bis zu 6.500 Leit Plaz kënnen hunn an dat zitt vill international Kënschtler un. Wéi e Lenny Kravitz an déi däitsch Rocker d‘Toten Hosen. An fir eng leschte Kéier, fir den 10. Gebuertsdag vun der Rockhal och d‘Scorpions. Schliisslech war et hei am Land, wou déi däitsch Rockband mat ee vun hiren éischten Optrëtter als Newcomer hat. Iwwerhaapt ware mat der Zäit ëmmer mol Ufänger am Museksbusiness hei, déi duerno ganz grouss eraus komm sinn, wéi zum Beispill den Ed Sheeran, Depeche Mode oder The Cure.

An och Open-Air huet sech an de leschte Joren eppes nieft der Rockhal gedoen. De Belval huet scho sou munch grousse Star empfaangen, ob elo d‘Imagine Dragons oder d‘Black Eyed Peas. A schwätzt ee vun Open-Air, dann huet den Atelier mat der Luxexpo sech am leschten Joerzéngt ëmmer méi zur perfekter Concertlocation entwéckelt. Sief et bannen, wéi 2010 beim Optrëtt vum franséischen Star DJ David Guetta. Oder baussen um risege Parking.

Egal op wéi enger Plaz et hei zu Lëtzebuerg ass, am Endeffekt zielt dat Gefill, dat ee kritt, wann een zesumme mat sou ville Leit den Artist a seng Musek feiert. An d‘Erënnerung, déi duerno bleift.