Et ass iwwer 45 Joer hier, dass dem Agatha Christie seng Hobby-Detektivin Jane Marple op der Rull war.

D'Miss Marple ass eng Erfindung vun der brittescher Schrëftstellerin Agatha Christie. An hirer 56 Joer laanger Karriär als Schrëftstellerin huet si eng 66 Romaner, 14 Kollektioune vu Kuerzgeschichten an d'Theaterstéck "The Mousetrap" geschriwwen, wat bis haut dat Theaterstéck ass, wat weltwäit am längsten ouni Ënnerbriechung gespillt gouf. Bis haut gëllt d'Agatha Christie als eng vun de beschten, beléiftsten an erfollegräichste Schrëftstellerinne weltwäit.

1927 koum d'Miss Marple déi éischt Kéier an enger vum Agatha Christie hire Kuerzgeschichten eraus, suivéiert vum Roman "The Murder at the Vicarage" iwwer déi eeler Detektivin aus St Mary Mead. Iwwer d'Jore koumen eng ganz Rëtsch Romaner a Kuerzgeschichten no. Dës Weideren ass d'Miss Marple och méi wéi eng Kéier op den Tëleesecranen opgedaucht, sief et a Filmer oder Serien.

1976 ass d'Agatha Christie zu Winterbrook an England verstuerwen. Dat nämmlecht Joer koum och de leschte Roman mam Miss Marple eraus: "Sleeping Murder". D'lescht Joer hunn elo 12 Schrëftstellerinnen de beléifte Charakter erëm zum Liewen erwächt. Mat dobäi waren d'Naomi Alderman, d'Leigh Bardugo, d'Alyssa Cole, d'Lucy Foley, d'Elly Griffiths, d'Natalie Haynes, d'Jean Kwok, d'Val McDermid, d'Karen M. McManus, d'Dreda Say Mitchell, d'Kate Mosse an d'Ruth Ware.

All Schrëftstellerin huet eng Kuerzgeschicht geschriwwen, an där d'Jane Marple déi komplizéiertst Situatiounen ze léise kritt, sief et an hirem Dierfche St Mary Mead oder beim Reesen ënner anerem a Groussstied ewéi London an New York. All Schrëftstellerin ass der Figur trei bliwwen, an dach, hunn d'Schrëftstellerinnen alleguer hir eege Perspektiv op déi beléiften, literaresch Figur an d'Geschichten erabruecht. Zesumme suergen déi 12 Geschichte fir eng ofwiesslungsräich Kollektioun, bei där engem sécherlech net langweileg gëtt.