De Projet, dee vum Architektebüro Jim Clemes et associés konzipéiert gouf, gouf um Donneschdeg an der Kufa zu Esch presentéiert.

D'Kulturfabrik gëtt renovéiert an ausgebaut. De PreProjet, dee vum Architektebüro Jim Clemes konzipéiert gouf, ass de Moien am Kinosch zu Esch presentéiert ginn. Engersäits geet et ëm d'energeetesch Sanéierung vun de bestoende Gebaier, anersäits sollen eng helle Wull Meter Carré bäigebaut ginn.

Dat aalt Schluechthaus zu Esch ass fir d'Lescht viru 25 Joer renovéiert ginn. D'Gebaier entspriechen einfach net méi de Norme vun haut. Den Direkter vun der Kulturfabrik René Penning: Déi Säll, déi mer haut hunn, si relativ brut, déi si schlecht isoléiert an thermesch an akustesch schlecht isoléiert. Vill Espace goufen deemools net renovéiert, a si net accessibel fir de Public. An alles op dem 1. Stack ass net fir Leit à mobilité réduite.

De Moment läit d'Kufa um Rand vun engem alen Industriegebitt, op deem mat der Mëtzeschmelz jo e ganz neie Quartier entstoe wäert. Den Architekt Jim Clemens schwätz vun enger extremer Chance déi ee notze misst: Fir datt déi Leit, déi am Quartier ukommen, eng Ulafplaz hu fir en Zesummeliewen, fir kulturell Aktivitéiten, de Restaurant kënnen ze notzen an mat de Kanner kënne kommen an un den Aktivitéiten deelhuelen.

Den neie Quartier an d'Kulturfabrik sollen also matenee verbonne ginn. Allgemeng huet de Jim Clemes dovu geschwat, datt de Site méi oppe soll ginn: Op ze maachen zu dem neie Quartier, mee och zu der renaturéierter Uelzecht an do bausse Raim fannen, déi mer vläicht de Moment vermëssen.

Ronn 4.200 Metercarré gi renovéiert an 2.000 komme bäi. Déi zolidd Basis vun de Gebaier an déi deck Maueren erméiglechen et, den Neibau do dropzesetzen, seet de René Penning: Datt mer do sou Cuben bäibauen, de Patrimoine an d'Corniche awer behalen.

Op 5 Joer ass de Projet ugesat, deen elo mol nach duerch eng Partie Instanze muss. Viraussiichtlech sollen d'Aarbechten 30 Milliounen Euro kaschten. Ob a wéi de Site an der Zäit vun den Aarbechte genotzt ka ginn oder wouhin d'Aktivitéite verlagert ginn, misst nach gekuckt ginn, huet den Direkter nach erkläert.