Keng Zäit, keng Loscht, ze midd. Ween huet déi Excusen nach net héieren, respektiv selwer benotzt?

Ech ginn dacks duerch Phasen, wou ech an zwee Deeg duerch ee Buch ginn. Da kënnt erëm eng Phas, wou ech an 2 Wochen duerch keng eenzeg Zeil kommen. Dacks geschitt dat, entweder well ech e Buch gelies huet, wat mir immens gutt gefall huet an da kee Buch fannen, dat mech genausou fesselt, oder well ech e Buch ugefaangen hunn, wat mech absolutt net péckt an ech per Force probéieren, duerchzekommen. Dofir mengen ech, dass ech an enger gudder Positioun sinn, fir e puer Tipps an Tricks ze ginn, wéi een aus där allsäits bekannter "Leseflaute" rauskënnt.

1.  Bicher liesen, déi een interesséieren oder paken

Kléngt banal? Ass et och... An awer, maache mir dee Feeler alleguer, e Buch unzefänken, well et grad um "Trenden" ass an der "BookTok"- oder "BookTube"-Communautéit oder well mir mengen, dass dat Buch gutt fir eis Allgemengbildung ass. Sou Bicher kann a soll een och liesen, awer net wann ee Krämpes huet, sech iwwerhaapt ze motivéieren, e Buch opzeschloen. Heiansdo ass näischt falsch drun, eng Romanz oder e Fantasy-Roman engem Klassiker virzezéien, soulaang d'Buch ee péckt an eis drun erënnert, wisou mir liesen.

2. Kuerz a knackeg

... ass dacks de Wee aus der "Leseflaute". Heiansdo kann d'Déckt vun engem Buch ee schonn demotivéieren, wann ee grad net an der Stëmmung ass, ze liesen. Villäicht ass dee méi séchere Wee dowéinst, mat méi kuerze Bicher erëm unzefänken, bis ee rëm d'Gewunnecht huet. "500-Säite-a-méi"-Badettie kennen och nach e Mount waarden.

3. Sech e perséinlechen Challenge setzen

Sief et 5, 20 oder 100 Bicher - sech e Lies-Challenge fir d'Joer (oder de Mount) ze setzen, kann ee motivéieren, fir weiderzemaachen, och wann ee mol manner motivéiert ass. Ech perséinlech, fannen d'GoodReads-App immens effikass heivir, well een net nëmme Recommandatioune vun der App selwer kritt, mä och ka vu Kolleegen inspiréiert ginn, déi hirem Lies-Zil entgéintschaffen.

4. Du muss net all Buch fäerdeg liesen

Lies den Titel nach eng Kéier. Ech maache mat, well, wéi schonn am Intro gesot, halen ech mech selwer och ni un déi Reegel, wat dacks dozou féiert, dass ech mech duerch Bicher, déi mech absolut net paken, duerchquälen an de Spaass um Liese fir eng Zäit verléieren. Falls et ze schwéier ass, sech mat där Iddi unzefrënnen, d'Buch um Regal verstëbsen ze loossen, ass et villäicht méi einfach, et emol op "Standby" ze setzen an an der Tëschenzäit eppes ze liesen, wat ee méi unzitt, einfach fir de Momentum net ze verléieren.

5. Liesen erëm zur Routine maachen

Dat ka komplizéiert sinn am Ufank - e bëssen Disziplin ass gefrot - mä Liese gëtt méi séier zu enger Routine wéi een denkt. E Beispill wier, wann een den ëffentlechen Transport hëlt (an engem net schlecht beim Liese gëtt), wier dat e gudde Moment, fir e Buch auszepaken, oder sech virhuelen, 10 Säite virum Schlofe goen ze liesen. Wichteg ass et, sech kleng Ziler ze setzen, déi einfach z'erreeche sinn an eis awer méi no un eist grousst Zil bréngen: Liesen erëm zu engem feste Bestanddeel vum Alldag ze maachen.