Am digitalen Zäitalter, an deem mir liewen, gëtt et fir alles eng Applikatioun.

An natierlech existéiert och déi eng oder aner fir d'Bicherwierm ënnert eis.

Verléiert dir och heiansdo den Iwwerbléck iwwert all déi Bicher, déi dir doheem do leien hutt? An iwwert déi, déi dir nach liese wëllt? Oder sidd dir iech mol net sécher, ob der e bestëmmt Buch kafe sollt, a géint gären a puer Rezensioune liesen? Dann ass Goodreads déi richteg App fir iech!

Wann dir nach keen Account hutt, da sinn hei véier gutt Grënn, fir iech d’Applikatioun erof ze lueden:

1. En Iwwerbléck iwwer seng Bicher behalen

Goodreads funktionéiert wéi en digitaalt Bicherregal. Op sengem eegene Profil kann een nämlech verschidde Regaler erstellen a seng Bicher digital dra setzen. Ech perséinlech fannen dat immens praktesch, well ech esou op ee Bléck gesinn, wéi eng Bicher ech scho gelies hunn, wéi eng ech nach doheem hunn, a wéi eng ech mir deemnächst kafe wëll.

2. Rezensioune liesen a selwer schreiwen

All Buch, dat een op Goodreads fënnt, huet eng Bewäertung tëscht null a fënnef Stären déi sech aus de Rezensioune vun all de Lieser weltwäit zesumme setzt. Wann een also an der Librairie steet a sech net sécher ass, ob een e Buch kafe soll, kann een einfach de Barcode scannen a kucke wéi aner Leit d’Buch fonnt hunn. A wann een e Buch gelies huet, kann een natierlech och säin eegene Pefferkär bäileeën.

3. Sech mat anere Lieser vernetzen

Op eng gewëssen Aart a Weis kann ee Goodreads mat anere Plattforme wéi Facebook vergläichen. Et kann ee sech mat anere Lieser vernetzen an um Homefeed verfollegen, wat si aktuell liesen. Eventuell kann dat och eng gutt Méiglechkeet sinn, fir Bicher ënnerteneen ze tauschen, wann ee gesäit, dass engem säi Bekannte grad e Buch gelies huet, dat ee sech selwer kafe wollt.

4. Méi liesen duerch e Lies-Challenge

All Joer kann ee sech eng sougenannt “Reading Challenge” setzen. Dobäi gëtt een un, wéi vill Bicher een dat Joer liese wëll. Mech perséinlech motivéiert dat, wann ech an enger "Leseflaute" sinn, fir trotzdeem weider ze liesen a mengem Zil entgéint ze schaffen.