An de Kategorien "Literatur", Kannerbuch/Jugendbuch" a "Sachbuch" sinn all Kéiers fënnef Bicher an der Course.

D'Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis huet d'Shortlëscht 2023 virgestallt. An der Jury sinn dëst Joer: D'Dominique Henry, d'Fabienne Faust, d'Charlotte Ziger, de Laurent Thiry an de Cosimo Suglia.

Wien a wéi enger Kategorie de Lëtzebuerger Buchpräis 2023 kritt, gëtt den Donneschdeg Owend, 16. November am Kader vun de "Walfer Bicherdeeg" bekannt gemaach an ausgezeechent.

Iwwert seng Favoritte kann de Public ofstëmmen, ënner anerem op RTL.lu an op bicherdeeg.lu.

Ofstëmme leeft vum 27. Oktober bis de Freideg, 10. November. (Voting war schonn um Donneschdeg 26.Oktober op)

Wann Dir ofstëmmt, hutt Dir d’Méiglechkeet ee vu fënnef Bicherbongen am Wäert vu jeeweils 100 Euro ze gewannen.

Et sinn nominéiert:

RTL

© Lëtzebuerger Bicherediteuren

Kategorie Literatur:

  • Claudine Muno "Dëst ass net däi Liewen" (Op der Lay)
  • Antoine Pohu "Parfois la nuit se tait" (capybarabooks)
  • Luc François "Wasserstand" (Kremart Edition)
  • Kerstin Medinger "Le départ" (Editions Phi)
  • Guy Rewenig "Schnatt" (éditions guy binsfeld)

RTL

© Lëtzebuerger Bicherediteuren

Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch:

  • Charlotte Reuter & Lynn Cosyn "D'Rommel Bommel an hir Frënn" (Ernster Editions)
  • Sandra Martins "D'Sasha an de Flint - Eng magesch Melodie" (Editions Schortgen)
  • Renée Weber "Dem Louis seng Nues" (Op der Lay)
  • Marc Weydert & Marie-Isabelle Callier "Zerknujelt Geschichten" (PersPektiv Editions)
  • Anja Di Bartolomeo "Koma 21" (éditions guy binsfeld)

RTL

© Lëtzebuerger Bicherediteuren

Kategorie Sachbuch:

  • Germaine Goetzinger "Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" (éditions guy binsfeld)
  • Samuel Hamen&Melitta Schubert "Österreich und Luxemburg im Dialog" (éditions guy binsfeld)
  • Josiane Kartheiser "Ärztin ohne Furcht und Tadel -Dr.Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk" (Editions Phi)
  • Collectif "Traces, Kufa's Urban Art Esch" (Point Nemo Publishing)
  • Michel Pauly "Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten" (capybarabooks)

D'Gewënner vum Buchpräis an de respektive Kategorië ginn de 16. November bekannt gemaach. Fir de Publikumspräis kann een och dëst Joer nees op RTL.lu ofstëmmen, dat vum 27. Oktober un.