Zwou Schwësteren ënner Mordverdacht. Eng ass onschëlleg, déi aner eng äiskal Killerin. Wiem gleefs du?

De Frank Avellino gouf brutal a senger eegener Schlofkummer erstach, den Täter muss an Ekstas gehandelt hunn. Oder besser gesot: D'Täterin.

Dem Frank Avellino seng zwou Duechtere beschëllege sech nämlech géigesäiteg. Déi eng ass eng sadistesch Mäerderin, déi aner onschëlleg. Mee wien?

Den Eddy Flynn, deen d'Sofia viru Geriicht verdeedegt, wéi och dem Alexandra seng Affekotin Kate Brooks fäerten, dass d'Wouerecht an dësem spektakuläre Fall ënnergeet. D'Affer war nämlech net nëmmen den eemolege Buergermeeschter vun New York, mee huet och en Ierwen a Milliounen-Héicht ze verdeelen. D'Chance fir déi richteg Schwëster virum Prisong ze verschoune steet fifty-fifty...

Mech huet d'Buch direkt gepak an ech hu vun Ufank u matgerätselt. De Steve Cavanagh huet vill Geschéck bewisen an ëmmer wann ech duecht, dass ech déi richteg Schwëster am Viséier hat, hunn nei Erkenntnisser nees Zweiwel a mir ausgeléist.

Niewebäi kritt een och nach e gudden Abléck an d'Aarbecht vun engem Affekot. De Steve Cavanagh huet et sech awer och net huele gelooss, fir och méi kritesch Theme wéi sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz anzebauen.

Ech kann d'Buch all Thriller-Fan recommandéieren!