Déi éischt offiziell Selektioun fir déi 77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes gouf annoncéiert.

Dës ass op de Long-Métrage All We Imagine as Light vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia gefall. De Film gouf finanziell vum Film Fund Luxembourg ënnerstëtzt.

Weider huet déi lëtzebuergesch Entreprise Les Films Fauves mat un der Produktioun geschafft.

Déi nächst Selektioune loossen nach op sech waarden a sollen d'nächst Woch annoncéiert ginn.

Fir d'Lëtzebuerger Filmwelt ze representéieren, ass de Film Fund Luxembourg dann och am Mee mat engem Pavillon zu Cannes vertrueden. Den traditionelle Lëtzebuergeschen Dag ass den 18. Mee. Dann ass och de Kulturminister Eric Thill op der Plaz.