D'Emma ass déi Lëtzebuerger Halleffinalistin vun der belscher Editioun "The Voice.

"Je voulais faire un hommage à mes racines" erkläert d'Emma, nodeems et op Italieenesch Caruso vum Lucio Dalla wärend de Cross-Battles gesongen huet. Obwuel et déi Etapp gepackt huet, ass et fir hatt schwéier, fir ze realiséieren, dass hatt an der Halleffinalle ass.

Wann d’Emma live séngt, sinn den Adrenalin an de Publikum seng Source vu Motivatioun, déi et him erlaben, sech op d'Sangen ze konzentréieren.

Dëst Joer sinn et d'Zuschauer, déi de Choix tëscht den Halleffinaliste hunn an entscheeden, wie vun hinne an d'Finall kënnt. Zil vum Emma ass kloer: ee vun de véier Favoritten ze sinn.

D'Emma fokusséiert sech elo ganz op d’Aventure, fir all seng Chancen ze notzen a sech eng Plaz an der Finall ze sécheren.

Rendez-vous ass en Dënschdeg de 16. Abrëll um 20.15 Auer op la Une, fir erauszefannen, wéi ee Lidd d’Emma interpretéiere wäert.