Nieft der Lëtzebuerger Actrice sinn den Todd McCarthy, d'Asmae El Moudir, d'Maïmouna Doucouré an als President de Kanadier Xavier Dolan an deem Jury.

Dëst Joer ginn an där Kategorie vum Festival 18 Filmer gewisen. Et ass dat eng Competitioun mat méi couragéierten an neie Filmer, déi parallel zu der offizieller Selektioun leeft.

D'Vicky Krieps war fir d'Lescht 2022 selwer an "Un certain regard" vertrueden, dat mat "Corsage" a "Plus que jamais".

Dem Festival zu Cannes seng 77. Editioun ass vum 14. bis de 25. Mee.