"Ech mengen, d'Chancë sti richteg gutt"
Um Dënschdegowend ass déi éischt Halleffinall vun der Eurovisioun, wou och Lëtzebuerg dobäi ass. De Loïc Juchem huet mam Tali iwwer de groussen Optrëtt geschwat.
D’Tali war elo schonn iwwert eng Woch zu Malmö. D’Zäit a Schweden wier richteg intensiv gewiescht. Ma den éischte groussen Optrëtt ass um Dënschdegowend.
D’Eurovisioun wier wéi eng grouss Famill
D’Tali hat an de leschten Deeg zwou Prouwen op der grousser Bün. Vill Zäit mat den anere Konkurrentinnen a Konkurrenten huet d’Sängerin nach net gehat.
"Ech hunn net souvill Zäit fir déi aner ze gesinn, well mir all eenzel Proufzäiten hunn. Mee wann ech Leit gesinn, dann ass jidderee sou léif. Et gëtt een ëmäerbelt, jiddereen ass einfach frëndlech."
Et wier eng aner Welt, d’Tali, dat e puer Joer zu New York gelieft a geschafft huet, beschreift d’Ambiance änlech wéi an der amerikanescher Metropol.
"Et ass eng mega Rees"
Den ESC wier eng riseg Show, et wier vill Aarbecht, esou d’Tali. Déi jonk Fra hätt awer och vill kënne genéissen. Si dokumentéiert alles an engem Tagebuch. Am Interview verréit si, dass se sou spéider nach emol alles kéint noliesen.
"Ech wëll alles opschreiwen. Et ass eng mega Rees. Ech wëll einfach a puer Joer kënnen heirop zeréckkucken a mech och u kleng Saache kënnen erënneren."
Et wier en Op an Of
De Moment géif et vill Héichten an Déifte ginn, verréit d’Musekerin. Op der Bün kéint ee villes vergiessen, et wier déi bescht Zäit vun hirem Liewen. Op Haass-Kommentarer ugeschwat, sot si, dass si dat gutt kéint ausblenden: "Ech liese se bal ni. Heiansdo trëfft et mech awer. Bei verschiddene Kommentare soen ech mer, okay deen huet mer wéigedoen. Dat ass awer normal a wann een net mat Haass ëmgoe kann, dann ass déi Karriär näischt fir een."
An d’Finall ze kommen ass d’Zil
"Ech mengen d’Chancë sti richteg gutt", esou d’Tali. No 31 Joer ass Lëtzebuerg nees mat dobäi. Fir déi ganz Delegatioun wier et schonn e Succès, e Samschdegowend zu Malmö an der Finall ze stoen.