Mam “Joris” a “Cro” waren zwee däitsch Kënschtler op der Bün, déi de Public ëmmer ze begeeschtere wëssen. Organiséiert gëtt dëse Festival op de Frichë vun der fréierer Schmelz vun der ARBED. E Samschdeg gouf Entrée opgehuewen, iwwerdeems um Sonndeg den Entrée gratis war. Et war Familljendag. Och d’"Tali” hat hiren Optrëtt um Festival.