"Arc-en-ciel" ass eng nei Kreatioun vum Lëtzebuerger Komponist Camille Kerger. Et handelt sech ëm musikaleschen Owend am TNL begleet vun Danz a Luuchtendesign.

De Reebou ass e staarkt Symbol fir Villfalt a Fridden. E Symbol, dat gären an dacks vun Artisten als Inspiratiounsquell benotzt gëtt.

An de Mythologien vu verschidde Relioune spillt de Reebou eng wichteg Roll a gëllt als Verbindung tëschent der Äerd an dem Himmel, de Mënschen an de Gëtter. Et ass e physikalescht Phänomen, dat vill symbolesch Bedeitunge kann hunn. 
"Et ass eppes, wat ganz no um Mënsch ass, well et eppes ganz natierleches ass. An déi Produktioun ass bësse wéi eng Meditatioun. Et mécht mir immens vill Freed, well et ganz no un deem ass wat ech fillen, wat ech sinn a wat ech menge wat mir misste sinn.", beschreift e Camille Kerger säi neit Wierrk.

De Camille Kerger huet Arc-en-ciel wärend der Pandemie geschriwwen, mat der Iddi Kammermusekstécker ze entwéckelen. A wéi sou üblech bei engem Reebou sinn d’Faarwen omnipresent, hei a Form vu Musek:

"Ech hu mech vill mat Faarwen ameséiert an ausserdeem héieren ech Faarwen zum Deel. Dofir louch et fir mech op der Hand, datt ech eppes géing maache mat de siwen Faarwe vum Reebou. Dat war den Ophänkert, an d’Resultat ass eng Stonn Musek. Ech hunn dat dunn esou flott fonnt, datt ech d’Faarwen nach eng Kéier vermëscht hunn, selwer en Tableau gemaach hunn. Dat ass dann den 8. Deel an deen heescht "Wanderer", well dat och e grousst Thema ass fir mech. Wanderen an deem Sënn vu weider goen an entdecken."

Weider Elementer, déi dobäi koumen, sinn den Danz an e Luuchtekonzept. Mat der Choreographin an Dänzerin Jill Crovisier kënnt esou nach eng visuell Presenz op der Bün dobäi, déi mat a géint d’Musek schafft.

"An Arc-en-ciel gesinn ech mech bësse wéi e weidert Instrument, wéi eng aner musikalesch Propositioun. Et héiert ee meng Ootmung, meng Kleeder a meng Schong um Buedem. Ech ginn esou en anert Rhythmus-Element an dat ass dat, wat ech hei interessant fannen.", beschreift si hir Roll.

"Arc-en-ciel" ass eng Produktioun vu Kammerata Luxembourg, dem TNL an Animoato asbl  a gëtt den 13., 14. a 16. Juni am TNL an der Stad gespillt.