Et ass di 81. Editioun vun der Mostra, dem bekannte Filmfestival zu Venedeg. A Lëtzebuerg ass dëst Joer mat ville Koproduktiounen vertrueden.

Vum 28. August bis de 7. September kann een dëst Joer op der Mostra vill Lëtzebuerger Filmproduktioune gesinn. Ënnert dem Numm "The Centre of Attraction" kann een di Lëtzebuergesch Produktiounen, zesumme mat belsche Filmer zu Venedeg entdecken. Di sougenannte "Venice Production Bridge" déngt dozou Vernetzungen, Finanzéierungen a Koproduktiounsméiglechkeeten ze fuerderen. De Film Fund wäert dëst Joer mat enger Delegatioun vu Leit aus der audiovisueller Zeen vertruede sinn. 6 Lëtzebuerger Filmer sinn an der der Selektioun fir de Filmfestival.

Den Documentaire "Youth (Homecoming)" vum chinesesche Réalisateur Wang Bing, koproduzéiert mat Les Films Fauves (Lëtzebuerg), Frankräich, Hong Kong an Holland, ass an der offizieller Competitioun vun der Mostra.

RTL

© Youth (Homecoming) Icarus Films

An der virtueller Realitéit sinn dann di fënnef aner Filmer an der offizieller Competitioun "XR immersive" vertrueden:

  1. "Ceci est mon coeur" vum Nicolas Blies an dem Stéphane Hueber-Blies, eng Produktioun di haaptsächlech zesumme mat a_BAHN realiséiert ginn ass.
  2. "Oto's Planet" vum Gwenael François, eng Produktioun di ënner anerem mat Skill Lab ëmgesat ginn ass.
  3. "Mamie Lou" vum Isabelle Andréani, och eng Koproduktioun mat Skill Lab a Frankräich
  4. "Ito Meikyu" vum Boris Labbé, eng Koproduktioun mat Les Films Fauves a Frankräich
  5. "Champ de bataille" vum Fraçois Vautier, eng Koproduktioun mat Digital Voodooh, Frankräich an der Belsch. 

Lëtzebuerg huet deemno dëst Joer eng staark Visibilitéit um beléifte Filmfestival zu Venedeg.