Am Grand-Duché ginn et EU-wäit gesinn déi meescht Bicherwierm: Iwwert dräi Véierel vun de Lëtzebuerger huet uginn, am leschte Joer e Buch gelies ze hunn.

Fir den Internationalen Dag vun de Bicherfrënn, deen all Joer den 9. August ass, sinn aus deene rezentste Statistike vum Eurostat iwwer Akommes a Liewenskonditiounen interessant Trends bei de Liesgewunnechten an der Europäescher Unioun ervirgaangen. Den Donnéeë vun 2022 no hunn 52,8% vun der EU-Bevëlkerung vu 16 Joer un an de leschten 12 Méint op d'mannst 1 Buch gelies.

Lëtzebuerg ass dobäi dat EU-Land mam héchste Prozentsaz u Bicherwierm, mat ganzer 75,2% vun der Bevëlkerung, déi dat lescht Joer gelies hunn. Dänemark kënnt op 2. Plaz mat 72,1 % an Estland mat 70,7 % op Plaz 3. A Rumänien zum Beispill gesäit dat awer ganz anescht aus. Hei hunn nëmmen 29,5 % vun de Befroten uginn, Bicher ze liesen, grad ewéi op Zypern an an Italien mat 33,1 % a 35,4 %.

RTL

© Eurostat

Donieft geet aus de Statistiken ervir, datt et däitlech Ënnerscheeder jee no Alter a Geschlecht ginn. Jonk Leit tëscht 16 an 29 Joer liese mat 60,1 % méi dacks Bicher. Wat den Alter klëmmt, wat de Prozentsaz erofgeet: Tëscht 30 a 54 Joer sinn et just nach 53,5 %, 52,6 % bei de 55 bis 64 Joer ale Leit a 47,2 % bei den iwwer 65 Joer Alen.

Beim Geschlecht sinn et dann d'Fraen (60,5 %), déi éischter e Buch liese wéi d'Männer (44,5%). Dat weiblecht Geschlecht liest de Statistiken no och méi Bicher wéi Männer: 17,4 % vun de Fraen hunn dat lescht Joer 10 oder méi Bicher gelies, wärend et der bei de Männer nëmmen 9,9% waren.