Intensiv huet de Marc Schoentgen sech an de leschte Méint mat engem vun de Schätz vun der Kathedral beschäftegt. Vun der Poopst Visitt wousst hien deen Ament nach näischt.

De Votiv Altor, an deem d’Tréischterin wärend deenen zwou Woche vun der Oktav ausgestallt ass. 1766 gouf d’Wierk vum Pierre Petit ofgeschloss. E Stéck Lëtzebuerger Patrimoine, seet de Fotograf. "Meng Projete virdrun hunn och ëmmer iwwer Lëtzebuerger Patrimoine gewisen an et ass mer wichteg, datt dat net verluer geet an Zäiten, wou alles e bësse verluer geet."

An der Sakristei weider Schätz, déi de Marc Schoentgen a sengem Buch "1766" dokumentéiert. Déi sëllege Kleeder, déi d'Tréischterin iwwer d'Joerhonnerte geschenkt krut - och vun der groussherzoglecher Famill.

"De Kardinol huet mech gesi wärend der Oktav déi Fotoe maachen. An du hat ech him proposéiert, ob ech e Buch sollt fäerdeg maache fir d’Poopst-Visitt. An do huet hie gemengt, dat wär eng super Saach. Mee ech sollt et perséinlech iwwerreechen!"

Geplangt ass dat no der Zeremonie an der Kathedral, an engem Zelt vum Parvis. De Marc Schoentgen empfënnt et net just als grouss Éier, mee och als eng immens Freed, dem Poopst dee Kaddo dierfen ze maachen an him esou och e Stéck Lëtzebuerger Patrimoine ze schenken. Opgereegt wier hie schonn. "Well et ass jo awer eppes Spezielles. Ech hunn eng speziell Këscht ufäerdege gelooss, wou dat schéint Exemplaire drakënnt. Ech wäert och eng kleng Dedicace maachen."

Wéi e Message hien dem Poopst an d’Buch schreiwe wäert, dat huet de Fotograf eis net verroden.