Am Kulturhaus zu Koplescht kann ee sech dëse Weekend eng Expo ukucken, déi mat ganz diverse Medie schafft.

D’Jil Gaertner an d’Lina Hédo, zwou jonk Kënschtlerinnen hu mat hirem Projet “De Salon Vol. 1” ee Konzept geschaaft, fir lëtzebuergesch Kënschtler ze mobiliséieren, fir zesummen ze schaffen, Workshoppen unzebidden an hir Konscht auszestellen.

“Et ass eis drëms gaangen, een familiäre Raum ze schafen, an deem een als Artiste kann zesummekommen, fir gemeinsam Konscht ze maachen an mat Workshoppen och anere Leit, wou intresséiert sinn, Konscht accessibel ze maachen.”, esou d’Lina Hédo, Organisatrice a Kënschtlerin bei “De Salon Vol. 1”.

Am Ganzen 13 Kënschtler presentéieren an dësem Kader dëse Weekend hir Wierker am Kulturhaus zu Koplescht. "De Salon" kommunizéiert iwwert déi Sozial Medie mat de Leit an informéiert si op dësem Wee iwwert déi verschidden Artisten. Hei annoncéieren d'Organisatricen och déi nächst Rendez-vouse fir d’Fortsetzung vum Konschtprojet. E Freideg den Owend um 18 Auer ass de Vernissage. Wien dëse verpasse sollt, ka sech d'Expo awer nach de ganze Weekend iwwer tëscht 11 an 20 Auer ukucken.