De Musée soll eng nei monumental Entrée kréien an en eegene Raum fir d‘Mona Lisa vum Leonardo da Vinci.

De gréisste Musée vun der Welt war rezent an d‘Kritik geroden, well en dacks iwwerfëllt war a villes muss renovéiert ginn. Fir déi nei Entrée soll Enn dës Joers en internationalen Architekteconcours ausgeschriwwe ginn, esou de Macron. Doduerch soll d‘Glaspyramid, wou jo aktuell d‘Haaptentrée dran ass, entlaascht ginn. Dës war nämlech u sech fir ronn 4 Millioune Visiteuren virgesinn. Haut kommen awer schonn 9 Millioune Leit am Joer dohin. Laangfristeg gëtt mat bis zu 12 Millioune gerechent.