
E Méindeg ass eng iranesch Sängerin mat 74 Schléi mat enger Peitsch bestrooft ginn, well si op YouTube an engem Video ouni Voile ze gesi war. Dat huet hiren Affekot confirméiert. Donieft sinn och d'Museker aus hirer Grupp bestrooft ginn.
D'Parastoo Ahmadi war am Juni, zesumme mat de Membere vun hirer Band, verurteelt ginn. Si haten e Concert gespillt, deen am Dezember 2024 am Internet iwwerdroe gi war. E Pianist, e Batteur, e Gittarist an e Bassist waren alleguer schwaarz ugedoen, wärend d'Sängerin an engem laange Kleed, mat roude Lëpsen an ouni Voile virum Mikro stoung.
De Concert vum Parastoo Ahmadi war méi wéi 3 Millioune mol op YouTube gekuckt ginn. No zwou Wochen am Prisong war si op Kautioun fräigelooss ginn. Hier an hire Museker gëtt virgehäit, obszön a vulgär Contenue produzéiert, iwwerdroen a publizéiert ze hunn. Am Iran hu Fraen net d'Recht, an der Ëffentlechkeet ze sangen. Ausserdeem musse si, nieft dem Voile, Tenuen droen, déi net hir Kierperform weisen.