Dem Gaston Rollinger seng Libeserklärung fir de Minett
Aktuell (Kinosstart 26.3.) leeft am Kino de Film "Terre Rouge – Topographie du poète". E Film iwwert dem Escher Sproocheproff Gast Rollinger seng Passioun fir d'Filmen an d'Gedichterschreiwen.
De Fränz Hausemer huet de Film realiséiert. De Montage gemaach. D’Musek. An dem Gast seng Gedichter agesongen. Si zéien sech wéi e roude Fuedem duerch de Film. Mir treffen de Realisateur zu Esch, am Ellergronn. Hei op der Grenz huet de Gast seng Kandheet verbruecht. An ass säi Liewe laang net fortgaangen.
De Gast huet em déi 40 Gedichter geschriwwen. A praktesch alles gefilmt, wat a sengem Mikrokosmos op der Grenz geschitt ass. Am Fränz Hausemer sengem Film stinn dem Gast seng Archivbiller am Kontrast mat den Opname vun haut.
D’Iwwerreschter vun der Stolindustrie wieren awer just Dekor. D’Bünebild vun engem Film, dee sech domat beschäftegt, wéi ee sech mat der Plaz, wou een hierkënnt identifizéiert. A wéi ee sech am Laf vu sengem Liewe verännert.