
Dir hutt Loscht op Nostalgie? Op verréckt Musek? An op Vokuhila (déi een um Radio zwar net gesäit, mä sécher mat héiert?
Dann gëllt et den 30. Oktober de Radio unzemaachen. Well haut leeft de ganzen Dag iwwer déi beschte Musek aus den 80er.
Highlight ass awer, datt Dir selwer, eis User an Nolauschterer, de Programm op dësem spezielle Museksdag op RTL matbestëmmt hutt.
Also verpasst en net. Den 80er Dag op RTL!