Lëtzebuerger Konscht vu 1930 bis 196060 vun de gréisste Kënschtler an enger Ausstellung vereent

Isabelle Gillen
Am Centre Barblé zu Stroossen kritt een den Ament an der Expo "De la Sécession aux Iconomaques" Molereien a Skulpture vu 60 Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert ze gesinn.
Lëtzebuerger Konscht vu 1930 bis 1960
60 vun de gréisste Lëtzebuerger Kënschtler goufen an enger Ausstellung vereent.

Egal op de Jean Jacoby, de Joseph Kutter, oder den Harry Rabinger. D'Konscht zu Lëtzebuerg an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war immens villfälteg, vu figurativer bis ganz abstrakter Konscht ass alles dobäi an et sinn och Wierker aus Däitschland ze gesinn, déi dat Lëtzebuergescht Schafen inspiréiert hunn. De President vum Lëtzebuerger Artisten Center (LAC), Jean Fetz erzielt:

"De Simeonstift huet eis 36 Saache geléint fir dës Ausstellung, esou dass et mat all deenen anere Muséeën, déi mat dra sinn an de Gemengen a private Sammler, eng flott Geschicht ass, déi dat e wéineg erëm gëtt. Et muss ee wëssen, dass déi meescht Kënschtler sech kannt hunn wärend där Zäit an och zesummen geschafft hunn."

D'Ausstellung, déi den Titel “De la Sécession aux Iconomaques” dréit, soll en Abléck an d'Zäit vu 1930 bis 1960 erméiglechen an erëmspigelen, wéi d’Liewen an d’Landschaft deemools zu Lëtzebuerg ausgesinn huet. Dofir gouf fir d'Ausstellung och e grousst Buch entworf, dat d'Geschicht un Hand vun de Konschtwierker erziele soll.

A siwe verschiddene Säll gëtt ee chronologesch, ma awer och thematesch duerch e Stéck Konschtgeschicht gefouert, wat et esou net dacks ze gesi gëtt, well d'Wierker zu engem groussen Deel aus Privatsammlunge stamen an duerno och nees dohin zeréck ginn.

Bis den 18. November ass d'Ausstellung mat Lëtzebuerger Konscht vu 1930 bis 1960 am Centre Barblé ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO